Literatur héich 3

Wat wär Literatur ouni Gespréicher, Dreemereien an ënnerschiddlech Meenungen? Se wär op jiddwer Fall net esou faarweg an ofwiesslungsräich.

Den 9. Mäerz um 19:30 Auer fënnt am Nationale Literaturzenter zu Miersch eng interessant Diskussioun statt.

D’Thema vum Owend ass – héichwäerteg Literatur an exzellent Kritiker.

Dat däerf keen Literaturfrënd sech entgoe loossen.

Zesumme mam Jérôme Jaminet invitéiert de CNL iech op eng international Gespréichsronn.

Et gëtt gestridden a bestëmmt och gelaacht. D’Bicher kommen aus Éisträich, Lëtzebuerg an der Schwäiz. Dem Jérôme Jaminet seng Gäscht sinn d’Literaturredakteurin vum ORF Katja Gasser an de Bachmann-Juror Michael Wiederstein.

Am Gepäck sinn nei Romane vum Alois Hotschnig, Ariane Koch an dem Guy Helminger.

Duerch déi aktuell Sécherheetsbestëmmungen ass eng Umeldung obligatoresch.

Dernières nouvelles