LOA Season Opening: Den Nathan a säi geckegen Danzstil

Um 5. a 6. Mee 2022 sinn national an international DJen um Season Opening vum Luxembourg Open Air – kuerz LOA – opgetrueden. Super Wierder, live Elektro-Musek an déi eenzegaarteg Kuliss mat den Héichiewen hu fir eng fantastesch Stëmmung gesuergt.

Mat Artisten wéi dem Tujamo, MATTN, dem Mike Williams oder och Blasterjaxx hunn d‘Organisateure vum LOA dem Publikum eng riseg Party gebueden an domat och d‘Gefill vun Normalitéit geschenkt. A Saache feieren an danzen ass ee Kärel awer ganz besonnesch opgefall.

Wéi den Numm „Nathan‘s Crazy Dancemoves“ et schonn undeit, tourt den Nathan vu Festival zu Festival, fir säi verréckten Danzstil auszeliewen. Mat senger gudder Laun stécht hien schnell un, animéiert a motivéiert ganz Mënschemassen et him nozemaachen. 

De Spaass steet am Virdergrond. Dobäi verzicht de Geck komplett op Alkohol an Drogen – Glécksgefiller kommen eleng vun der Freed un der Beweegung. 

Ni geplangt bekannt ze ginn

Ugefaangen huet dës Aventure 2013 op engem Festival zu Amsterdam. E Video, bei deem den Nathan „uerdentlech d‘Sau erausgelooss huet“, konnt säi Frëndeskrees esou begeeschteren, datt hien decidéiert huet e weidere Video ze verëffentlechen, bei deem hien seng geckeg Beweegungen weist.

Domat bekannt ze ginn, war ni dem Nathan seng Intentioun. Ma, et koum esou positive Feedback, datt de Geck mëttlerweil weltwäit op Festivaller ënnerwee ass a sech beim Danze filme léisst. 

Wéi hien erkläert huet, kommen d‘Beweegungen spontan, esou wéi hie grad d‘Musek fillt. Kuckt een him no, denkt ee sech „Wat huet dee Kärel nëmmen geholl?“. Léisst een awer bis déi eegen Hemmungen falen fir och einfach dem Gefill no ze danzen, mécht et enorme Spaass, de Kapp ass fräi an den een oder aneren Weh-Wehchen vum laange Stoen verschwënnt.

Op déi nächst Editioun vum LOA am September 2022, dann an der Stad Lëtzebuerg, kann een gespaant sinn! A vläicht wäert jo och den Nathan nees de Wee an eisen Eck fannen.

Dernières nouvelles