Luxembourg Palestine Film Festival

1279
Luxembourg Palestine Film Festival

Vum 20. bis den 30. November 2021 fënnt déi éischt Editioun vum “Luxembourg Palestine Film Festival“ statt.

De Comité fir e gerechte Fridden am Noen Oste huet dëse besonnesche Festival organiséiert (CPJPO). Dës Filmer – an och d‘Diskussiounen dono, bidden nawell vill Méiglechkeeten. Palestinensesch Kënschtler kënnen eis hier Geschichten erzielen an eis esou weisen, wéi déi sozial, politesch a wirtschaftlech Realitéit vu Palestina ausgesäit. Wichteg dorunner ass hir eege Siichtweis, sou hunn si dës (eis friem) Welt dach selwer kennegeléiert.

A well eng Hand déi aner wäscht, fënnt déi zweet Editioun zu Palestina statt. Dobäi gëtt dem Publikum de lëtzebuergesche Kino virgestallt. Genee mat esou Projete komme sech ënnerschiddlech Kulture méi no. Se léiere sech kennen a Virurteeler falen ewech.

Dës weidere bitt dëse Festival nach eng Plattform, wou Kënschtler sech austauschen an a Verbindung bleiwe kënnen. Villäicht entsteet jo esou eng Zesummenaarbecht tëscht den zwou Natiounen.

De komplette Programm a weider Informatioune fannt Dir hei.