Héich hinaus: Mam Ballon iwwert den Äermelkanal

Den Dram vum Fléien an d’Welt vun uewen z’erliewen, louch dem Mënsch scho fréi am Blutt. Wärend de Leonardo Da Vinci sech u Vullen orientéiert huet, fir éischt Fluchapparater ze bauen, waren et 1783 d’Physiker Pilâtre de Rozier an de Marquis d’Arlandes, déi mam Ballon vun de Gebridder Montgolfier als éischt Mënschen tatsächlech an den Himmel ofgehuewe sinn. Mat dësen Erkenntnisser sollte kuerz drop zwee Pionéier de Wee iwwert den Äermelkanal woen.

De Fransous Jean-Pierre Blanchard (1753-1809) huet schonn als jonke Kärel Affinitéite fir d’Technik gewisen, a konnt net anescht wéi bastelen a kniwwelen. Ma, e ganz besonnesche Wonsch vun him war et, eppes Eegenes ze konstruéieren, wat hien duerch d’Loft droe sollt. Allerdéngs wollte seng Maschinnen einfach net fléien …

Wou d’Bridder Montgolfier schliisslech hire Ballon aus Pabeier, Léngen an enger Gondel virgestallt hunn, war de Blanchard begeeschtert. No 3 Faarte mam Fluchgerät war an him den Enthusiasmus esou grouss, datt e sech en Zil gesat hat: Als éischte Mënsch mat engem Ballon vun England a Frankräich iwwert den Äermelkanal ze fléien.

Mam Ballon iwwert den Äermelkanal
Lénks de Jean-Pierre Blanchard, riets den John Jeffries (Public domain)

Fir unzefänken huet hien awer finanziell Mëttel gebraucht. Do koum den amerikanesche Medezinner John Jeffries an d’Spill. De Blanchard huet sech bei sengem Projet schliisslech fir e Waasserstoffballon entscheet, well just esou genuch Brennstoff fir d’Distanz zur Verfügung gestanen huet. Uschléissend huet hien ronderëm experimentéiert, datt säi Konstrukt och an der Loft kéint gesteiert ginn.

Mam Ballon iwwert den Äermelkanal
Public domain

Se hätten et bal net gepackt

Den 7. Januar 1785 war et schliisslech esou wäit. Beim Dover Castle an Englang huet de Start stattfonnt, allerdéngs hu béid Häre schonn no ëm 10 Kilometer iwwert dem Waasser ugefaangen un Héicht ze verléieren. Bicher, Proviant a souguer hir Kleedung goufen ofgeworf, fir Gewiicht ze spueren. Et gëtt gemunkelt, datt si och hir Blos eidel gemaach hätten, fir e puer Gramm anzespueren.

No 2,5 Stonnen hu si et awer schlussendlech gepackt a si lieweg, dofir awer an Ënnerwäsch zu Guînes bei Calais gelant. An der nordfranséischer Hafestad gouf de Blanchard zum Éierebierger ernannt a krut eng liewenslaang Pensioun vum Kinnek spendéiert.

Mam Ballon iwwert den Äermelkanal
Denkmal zu Guînes op där Plaz, wou dem Blanchard an Jeffries hire Ballon gelant soll sinn © Pir6mon (CC BY-SA 3.0)

D’Unerkennung an d’Wäertschätzung sollt hien allerdéngs fir sech eleng beusproche wëllen. Scho virum Fluch wollt de Blanchard den Jeffries duerch verstoppte Gewiichter an der Jackett ofhalen, mat ze fléien. Zu Zwee wiere si einfach ze schwéier fir de Ballon. Den Amerikaner hat den Trick allerdéngs bemierkt a konnt seng Plaz weiderhi beusprochen (schliisslech hat hien och genuch dofir bezuelt).

Op sengem gegléckte Fluch wollt de Blanchard sech net ausrouen an esou ass hien duerch verschidde Stied gereest, fir seng Loftfaartkënscht ze presentéieren. Ufank de 1790er Joren konnt hie souguer virun den Ae vum George Washington zu Philadelphia an d’Loft goen.

Um 7. Mäerz 1809 ass de Jean-Pierre Blanchard dunn un engem Schlag gestuerwen. Hie souz dobäi an engem Ballon.

Dernières nouvelles