Carte Blanche: Mamma, wat ass Krich?

Virun e puer Joer, gouf eis Liewenssituatioun vun engem Moment op den aneren op de Koup gehäit. Et war schwéier eise Kanner ze erklären, wat Corona an eng Pandemie ass.

Elo gräift Russland d’Ukrain ass. Déi nächst Froe wäerte sécherlech kommen a schwéier ze beäntwerten sinn.

« Mamma, wat ass Krich. »

Dëse gewalttätege Konflikt, dee jiddwereen an Europa betrëfft a beréiert, léisst sech net virun onse Kanner verstoppen. Si kréie Gespréicher mat, de Fernsee ass méi dacks aus.

Mee wéi kënne mir Elteren d’Froe vun eise Kanner beäntwerten? Wat soll gesot ginn? Wat net?

Et ass ee schmuele Grat. Am Prinzip mussen déi Froen, déi (nach) net gestallt ginn, och net beäntwert ginn. Dëst hänkt selbstverständlech och vun der Entwécklung vun de Kanner of. Bei engem Teenager wär et scho besser nozefroen, wéi e sech mat där neier Situatioun beschäftegt.

Fest steet – all Fro, déi gestallt gëtt, verdéngt och eng éierlech Äntwert.

Ab wéi engem Alter soll een iwwerhaapt mat Kanner iwwert Krich schwätzen? Eigentlech ass et jo een Erwuessen-Thema a Kanner si keng kleng Erwuessen.

Et kann een awer dervunner ausgoen, datt si sech schonn ab dem 12. Liewensjoer mat schwéieren Theme befaasse kënnen. A se reflektéieren. Wann d’Kand zefridde mat den Äntwerten ass, hält et schonn op mat froen. Wann dat net duergeet, bleift näischt anescht, ewéi nozelauschteren. Och wann dat wéineg schéngt – et ass ee grousse Geste.

Op jiddwer Fall ass et wichteg, keng schro Biller ze projezéieren, déi d’Kand dono net méi aus senge Gedanke kritt. Feigefill ass wichteg.

Bei munche Kanner (an och Erwuessener) steet eng weider Fro am Raum.

« Kann dëse Krich bei eis kommen? » A wat passéiert, wann ech Erwuessenen och Angscht hunn?

Kanner spieren dës Onrou. Mir mussen dës Emotiounen ënner Kontroll behalen, fir si net weider ze veronsécheren. Soss kéint sech nawell een Däiwelskrees entwéckelen.

Dernières nouvelles