Konschthaus op der Gare: Expo vum Marina Herber

Vum 8. Bis den 23. Dezember 2021 stellt d’Artistin Marina Herber hir Wierker am „Konschthaus op der Gare“ zu Klierf aus. De Vernissage fënnt e Samschdeg, den 11. Dezember vu 16 bis 21 Auer (mat CovidCheck) statt.

D’Marina Herber gouf 1980 an der Normandie gebuer, lieft awer zënter hirem 6. Liewensjoer zu Lëtzebuerg. Hire Studium an der Animatiounskonscht spigelt sech dobäi an hirer Konscht erëm: Cartoon a Pop-Art verschmëlze mat enger gewësser Abstraktioun, a presentéiere sech mat enger Explosioun u Faarwen.

Ënnert dem Kënschtlernumm Marinazz schafft déi professionell Artistin och un Illustratioune fir Logoen a Kannerbicher, Nieft Ausstellungen an Europa (Paräis, Saarbrécken, Normandie, …) huet d’Marina Herber och schonn a Kanada dierfe weisen, wat si drop huet.

Ma, 2013 huet d’Kënschtlerin Lëtzebuerg bei de Jeux de la Francophonie zu Nice vertrueden a krut ee Joer drop de Prix d’Encouragement EVBK Prüm.

Hir Ausstellung am „Konschthaus op der Gare“ zu Klierf (17, rue de la Gare) ass vun Dënschdes bis Samschdes, jeeweils vu 14 bis 19 Auer an op Rendez-vous fir Iech op.

Dernières nouvelles