Lëtzebuerg huet mam „Marix“ säin éischte professionellen Esportler

No 2 erfollegräiche Joren an der Nationalekipp krut den 18 järege Max „Marix“ Kugener elo déi eemoleg Chance der däitscher Esport-Organisatioun Sprout bäizetrieden.

Als 6-fache Gewënner vun der ESL Meeschterschaft am Computerspill „Counter Strike: Global Offensive“ gehéiere si zu de beschte professionellen Ekippe vum digitale Sport an Däitschland.

Och de „Marix“ huet exzellent Leeschtungen opweises. Zum engen huet de Spiller 3 Saisonen hannereneen d’ESL DACH League fir sech entscheet. Mat senger Ekipp steet hie weltwäit op der 26. Plaz beim Multiplayer-Ego-Shooter „CounterStrike: Global Offensive“, wouduerch Sprout säin Talent fir sech notzen an de Max Kugener fërdere wëll.

Fir de „Marix“ ass dëst eng wichteg Etapp a senger Karriär an e besonnesche Schrëtt fir an enger Ekipp mat immens héijem Niveau ze spillen. Donieft geet et natierlech ëm déi international Unerkennung.

Dernières nouvelles