Wéi kann ech mat menge Kanner iwwer Krich schwätzen? 

No der Attack op d’Ukrain ass d’Welt eng aner. An Europa ass Krich an dat mécht Angscht. Dat Wichtegst a Krisenzäiten ass, datt déi Erwuessen – d’Elteren un éischter Plaz, awer och d’Enseignanten an d’Educateuren – de Kanner Sécherheet an Orientéierung ginn.

Mer mussen de Schüler Zäit a Raum ginn, fir iwwer hiert Empfannen, hir Besoinen an hir Ängschten ze schwätzen an hinne ganz objektiv Informatiounen zum Krich ginn. Virun allem sollte mer de Kanner och Hoffnung ginn. 

Hei fannt Dir en Depliant, deen Iech hëllefe sollt, fir dee schwierege Sujet mat Äre Kanner ze abordéieren.

Den Office national de l’Enfance (ONE) an de CePAS (Centre psycho-social et d’accompagnement scolaires) hunn eng gemeinsam Hotline en place gesat, fir déi Jonk, d‘Elteren an d‘Famillen an der aktueller Situatioun ze ënnerstëtzen. 

D’Nummer ass 8002 – 9393 – a vun 8 bis 18 Auer ze erreechen.

*matgedeelt vum Familljeministère

Dernières nouvelles