Mat der Impfung zum Eegenheem

D‘Éisträicher hunn de Sproch „Zockerbrout & Peitsch“ an eng nei Dimensioun gefouert

Lëtzebuerg sollt sech dréngend ee Beispill un der Politik vun der Alperepublik huelen, a mat der Impfung gläichzäiteg d‘Logementskris bewältegen. An Éisträich gëtt d‘Impfflicht Gesetz, a wann een sech dann un dëst Gesetz hält, hëlt een automatesch un enger Lotterie deel.

An der Emissioun „Stöckl Live“ bei eise Kolleege vum ORF, konnt een, wann ee geimpft ass, oder sech elo nach séier impfe léisst, an et e Besoin fir en Elektro-Auto huet, eventuell esouguer eng nei Kiche gebraucht gëtt, oder ee carrement wëll en Haus gewannen, sech fir d‘Impflotterie Éisträich: „Wien impft gewënnt“ umellen. Kléngt eppes verréckt an dat ass et wuel och. Mee et wierkt…

Schonn an der éischter Nuecht hunn sech iwwer 170.000 Éisträicher ugemellt. Dobäi geet bei Stöckl Live ëm eigentlech méi. D‘Moderatorin Barbara Stöckl, huet wuel ee klenge Marketing-Coup genotzt, mee am Fong goung et drëms, bannent 90 Minutten déi lescht Bedenke géint d‘Covid19-Impfung auszeraumen. Aus dësem Grond ware keng Politiker op de Plateau zougelooss.

D‘Leit konnten hir Froen a Bedenken äusseren, déi vu richtegen Experte beäntwert goufen. Fréier „Covid19-Patienten“ hunn vun hirem „Erliefte“ bericht. Alles an allem eng gelonge Virstellung, mat sécherlech vill Emotiounen, awer nach méi Kredibilitéit. Et war och gewosst, datt een d‘Hardcore-Schwuerbeler net géif iwwerzeegen, wann dës iwwerhaapt sollten d‘Sendung gekuckt hunn.

Wien ass eligibel?

Un der Lotterie deelhuelen dierf all Éisträicher ab 18 Joer, deen sech tëscht dem 1. Oktober an nach bis den 20. Dezember geimpft gouf. Et ass dobäi irrelevant op een ee vun de Renitenten ass, dee sech elo eréischt seng 1. Dosis fänke geet, oder déi zweet Impfung, respektiv d‘Booster-Impfung, siche geet. An der Sendug „Licht ins Dunkel“ op Hellegowend sollen d‘Gewënner genannt ginn.

Richteg ass och, datt „dat“ net alle gefält an et entspriechend Wuertmeldunge ginn huet. Esou den FPÖ-Politiker Christian Hafenbecker: „Wann s de mengs et géif net méi schwaachsënneg goen, kënnt ob emol den ORF dohier“. Gutt, fir de Mann vun der Éisträicher Nazi-Partei ass et eng gutt Geleeënheet fir sech bei den „Iwwerzeegten“ eppes Visibilitéit ze verschafen, mee d‘Ausso steet.

Ob et elo ee Beispill ass, deem sech Lëtzebuerg sollt oder kéint unhuelen? Schwiereg, och wann et bei Auslousung vun direkt méi Logementer, zu Lëtzebuerg net nëmmen den Impftaux kéint an d‘Luucht dreiwen, mee och der Logementskris entgéintkommen. Mee Logement a Santé sinn an ënnerschiddleche politeschen Hänn… bis do eng Decisioun géif geholl ginn, ass Mokuchsdag.

mat indymedia/vie

Dernières nouvelles