Matbestëmmend an der Fuerschungspolitik

Marc Schiltz fir eng drëtt Amtszäit zum President vu „Science Europe“ gewielt

De Marc Schiltz, Generalsekretär vum nationale Fuerschungsfong (FNR), ass gëschter vu Science Europe, dem europäesche Verband vun de Fuerschungs- a Fuerchungsfërderorganisatiounen an Europa a sengem Amt als President erëmgewielt ginn.

Science Europe ëmfaasst aktuell 38 Fuerschungs- a Fuerchungsfërderorganisatiounen aus 28 Länner, déi eng 24 Milliarden Euro d‘Joer an den ëffentleche Fuerschungssecteur investéieren. Hier Haaptzil ass et, d‘Zesummenaarbecht tëscht den nationale Fuerschungsorganisatiounen a ganz Europa ze stäerken an déi europäesch Fuerschungspolitik virunzedreiwen.

„Erëmgewielt ze sinn“, esou de Marc Schiltz, „ass eng grouss Éier fir mech, awer virun allen eng Auszeechnung fir déi héichwäerteg Aarbecht vum FNR, déi et eis haut erméiglecht, déi Lëtzebuerger Fuerschung international ausstralen ze loossen“.

An de leschte Joren huet Science Europe bedeitend Fortschrëtter a beräciher wéi der Fuerschungsintegritéit an der Fërderung vun der Gläichstellung vun alle Geschlechter erziilt. D‘Memberorgabnisatiounen hunn nei Modeller fir déi grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht geschaaft a gemeinsam Richtlinne fir d‘Verwaltung vu Fuerschungsdaten ëmgesat. Doriwwer eraus ginn no erhieflechen Ustrengungen d‘Grondsätz vun Open Science weltwäit ëmgesat, woubäi Europa hei eng féierend Roll spillt.

De Marc Schiltz ass begeeschtert vun der Iddi, de Virsëtz vum Gouvernance Comité ze iwwerhuelen, dat d‘Vereenegung déi nächst zwee Joer leede wäert. Hien ass sech awer och den zukünftegen Erausfuerderunge bewosst:

„Roll vun der Wëssenschaft bei der Léisung vu globale Problemer ass liewenswichteg. Allerdéngs wiisst an Deeler vun der Gesellschaft dat ëffentlecht Mësstraue géintiwwer Wëssenschaft an Technologie, wären an eenege Länner de politeschen Drock wiisst, d‘Fräiheet vun der Fuerschung ze beschränken. Science Europa wäert weiderhin déi transdisziplinär Fuerschung als Grondpfeiler vun der nohalteger Entwécklung, esou wéi wëssenschaftlech Äntwerten op gesellschaftlech Erausfuerderungen ënnerstëtzen. Gläichzäiteg musse mir eis an der Gesellschaft engagéieren, d‘Bierger abezéien an deemüteg an éierlech doriwwer kommunizéieren, wéi Wëssenschaft funktionéiert a wat Fuerschung leeschte kann a wat net“.

Dat de Marc Schiltz als President vu Science Europe bestätegt ginn ass, berechtegt hien och, weiderhi Member vum Gouvernance Comité vum „Globale Fuerschungsrot“ (GRC) ze sinn, dat d‘Leader vun der Fërderorganisatiounen fir Wëssenschaft an Technik aus der ganzer Welt zesummebréngt.

Den neie Gouvernance Comité vu Science Europe (fir zwee Joer) setzt sech aus den nofollegende Memberen zesummen:

President :

  • Marc Schiltz, Chief Executive of FNR; Luxembourg

Vize-Presidenten:

  • Angeles Gomez Borrego, Vice-President of CSIC; Spain
  • Angelika Kalt, Director of SNSF; Switzerland

Memberen:

  • Thierry Damerval, President & CEO of ANR; France
  • Melanie Welham, Executive Chair of UKRI; United Kingdom
  • Antonio Zoccoli, President of INFN; Italy
  • Matthias Koenig, Vice-President of DFG; Germany
  • Adrian Curay, General Director of UEFISCDI; Romania
  • Marcel Levi, President of NWO; The Netherlands
  • Mari Sundli Tveit, Chief Executive of RCN; Norway

matgedeelt vum FNR, fräi aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

Dernières nouvelles