Migratioun schaaft nei Sanktiounen

Europa huet vun den Amerikaner geléiert: wa Sanktioune géint Regierungen net hëllefen, gëtt sech un der kooperativer Wirtschaft schëlleg gehalen

Nach huet de Klimawandel näischt domadder ze dinn, an awer sammelen sech Migranten a wuel och Flüchtlingen zu hiren Dausenden un der europäescher Ostgrenz. Och um Mëttelmier notéiert een zanter ee puer Wochen nees eng Reprise vun de versichten Iwwerfaarten. Europa awer huet es genuch mat dëser illegaler Migratioun, besonnesch wa se vun Diktaturen instrumentaliséiert gëtt.

Wann et säitens de Länner Malta an Italien, dat natierlech an enker Zesummenaarbecht mat Frontex – dat ass déi europäesch Agence déi eis Wäerter a Baussegrenze schützt – nach eppes méi déidlech Mesuren huet, wéi dat aktuell de Fall un den europäesche Grenzen zu Wäissrussland ass, esou waart een all Ament op den éischte Schoss an dat éischt Affer. Dat wéilt sech Bréissel gären erspueren.

A wann et richteg ass, datt et Absichten huet sech eng gemeinsam Migratiouns- an Asylpolitik ze ginn, esou verhënnert dee Prinzip vun der Unanimitéit d‘Ëmsetzung. Hei gëtt vun e puer wéinege Länner eng Kris erhalen, déi däitlech ideologesch fundéiert ass. Nationalistesch Ideologie fërderen awer manner d‘Efforte fir de Fridden oder d‘Bekämpfung vun de Migratiouns- a Fluchtursaachen.

De Jean Asselborn, déngschteelsten Ausseminister bannent der Unioun, huet dëse Sujet jo och am Kontext vu senger Ried zur Lag vun der internationaler Politik ugeschwat. Elo schéngt dann awer zumindest eng Eenegung op héchstem Niveau an éischt Léisungsoptiounen fir déi ganz reell a wuel och bedreelech Situatioun un de Grenze vu Polen/Litauen mat Wäissrussland ze entschäerfen.

Politesch Kreativitéit schafft nei Sanktiounsinstrumenter

Déi stänneg Vertrieder vun de Länner hu sech gëschter zu Bréissel drop verstännegt, datt wann een dem Alexander Lukaschenko an sengem Gënner, dem Zar Vladimir I., schonn net de Krich erkläre kann, doriwwer eraus gewosst ass, datt d‘Sanktioune géint de Regime a seng Acteuren näischt oder wéineg Impakt hunn, da sicht een nom schwächste Glidd an der Equatioun a brécht dat einfach…

Elo soll dat ganzt an zwou Etappe gehandelt ginn: als éischt mussen all déi Fluchgesellschaften an aner un dëser als „Schleiseraktivitéit“ bedeelegt Wirtschaftsacteure sanktionéiert ginn. Am nächste Schratt wëll een dat ganz konkret Strofe verhänken. Wat ee sech elo dorënner virzestellen huet: all Airline déi Migranten aus dem mëttleren Orient an Nordafrika op Minsk befërdert gëtt ofgeschoss.

Wirtschaftlech ofgeschoss, also mëttels Sanktiounen handlungsonfäeg gemaach… et huet ee jo awer nach Wäerter no deenen ee sech riichte wëll. Ausser de Fluchgesellschaften, sollen dann hei nach Reesagence mat Sanktioune beluecht ginn. D‘Diplomate sinn iwwerzeegt, datt mat dësen Aussiichte manner Mënschen aus aarme Länner oder Krisegebidder op Minsk ausgeflu ginn.

Natierlech sinn ëmmer d‘Affer un hirer Lag schold

Polen a Litauen hunn hir europäesch Partner dovunner iwwerzeegt kritt, datt de Regime vu Minsk ganz bewosst a geziilt Migranten an d‘Land hëlt, fir se dann iwwer an d‘Unioun anzeschleisen. Si sollen Europa destabiliséieren a wéi gewësse Mënschen esou denken: eis Frae vergewaltegen, eis Kanner drogenofhängeg maachen an d‘Sozialsystemer sprengen. Ganz esou einfach ass et net…

Sécher hei kann een dem Alexander Lukaschenko schonn a gewësser Mooss ënnerstellen, datt hie sech iwwert dëse kreativ-diplomateschen Ëmwee, fir déi verhaange Sanktioune räche wëll. Et huet jo Virbiller: de Sultan Recep Tayyip Erdogan huet mat klenge geziilten Aktioune gewisen, wéi liicht d‘Unioun dovunner ze iwwerzeegen ass, datt Migranten déi besser a méi bëlleg „Waffe“ sinn.

Den tierkesche President kann sech dat ech leeschten, ëmmerhin ass dësen NATO-Partner an och de Wiechter vu Millioune syresche Flüchtlingen. Him ass och zouzetrauen, well ee frëndschaftlech Verhältnes zur Europäescher Unioun kann een der Tierkei jo wuel net ënnerstellen, datt seng Leit de wäissrusseschen Diktator stäipen. Déi meescht Migranten/Flüchtlinge kommen aus Istanbul…

Europäesch Entreprisen d‘Handelsbezéiunge mat Wäissrussland verbidden

Vill méi Wirtschaftssanktioune géint Wäissrussland – dat souwisou éischter wéineg Handel mat der EU bedriwwen huet – wéi et der schonn huet kënnen net méi verhaange ginn. Et sollen also elo Sanktioune géint europäesch Entreprisen a Konzerner ginn, déi en Drot zu Wäissrussland hunn. Hei fir unzefänken alles wat Geschäftsbezéiungen zur nationaler Fluchgesellschaft Belavia ënnerhalen.

Grondsätzlech geet et drëms déi Betriber, déi am Leasing-Business hiert Onwiesen dreiwen, ze zwéngen hir Bezéiungen zur Belavia anzestellen an déi ausgeléinte Fliger zeréckzefuerderen. Laut de Bréisseler Technokrate wieren iwwer 60%% vun der Belavia-Flott geleast, an dat bei an der EU-Usässege Leasingsentreprisen. An esou wéi d‘USA de Bau vun NordStream2 gestoppt kruten…

Ee Méindeg kann sech de Jean Asselborn da selwer, fir oder géint déi proposéiert Sanktiounen ausdrécken. Bei dësem aussergewéinleche Sommet vun den EU-Ausseminister sollen se jo formell an eestëmmeg ugeholl ginn. Interessant an dësem Kontext: all déi Mënschen, wou do als Spillball vun enger oniwwerluechter Sanktiounspolitik benotzt ginn, mussen net emol consideréiert ginn.

mat indymedia/bru/waw

Illustratioun: D‘Boeing-Fliger vun der Belavia wieren iwwert eng iresch Leasingsgesellschaft geliwwert ginn, dat soll elo alles mëttels Sanktioune réckgängeg gemaach ginn (Archivbild © Fasttailwind)

Dernières nouvelles