Mir gedenken enger Legend

D’Marilyn Monroe hätt um haitegen Dag Gebuertsdag gehat. Leider ass hatt de 4. August aus dem Liewe gescheet, ma hatt huet nawell vill Andréck hannerlooss. Mat nëmme 36 Joer huet dës Ikon sech d’Liewe geholl. Déi genee Ëmstänn si bis haut nach net ganz gekläert.

D’Marilyn Monroe war eng US-amerikanesch Filmschauspillerin, Filmproduzentin an e bekannt Fotomodel. Et war an de 50 Joren, wou hatt – natierlech mat Stil zum absolutte Weltstar avancéiert ass. Hatt war net nëmmen eng Popikone – hautdesdaags gëllt d’Marilyn nach ëmmer als Sexsymbol.

Zu senger bekanntster Zäit, war d’Marilyn eng vu de meeschtfotograféierte Frae vun der Welt. Leider konnt hatt d’Schauspillerin sech ni ganz vum Image vun der naiver, attraktiver Blondin geléist. Ma dat huet hatt net ofgehalen.

Am Joer 1893 koum dunn den internationalen Duerchbroch – zu de populäerste Filmer gehéiere Wie angelt man sich einen Millionär », « Das verflixte 7. Jahr » an « Manche mögen’s heiß ». Obwuel d’Marilyn Monroe alles ginn huet, gouf hier Leeschtung eréischt nom trageschen Dout vu Kritiker unerkannt.

Iwwregens hat d’Marilyn Monroe d’Konfektionsgréisst 42. Eng Gréisst, déi an eisem Zäitalter fir Iwwergewiicht steet, stoung deemools fir perfekt weiblech Formen.

« Ee Sexsymbol ass eng Saach, an ech haassen et, eng Saach ze sinn. »

Loscht d’Legend méi no kennenzeléieren? Da kuckt mol op Netflix eran – do leeft momentan een interessanten Documentaire.

Dernières nouvelles