„Eng weider Tragödie um Mier, déi hätt kënne verhënnert ginn“

D’Ekipp op der Geo Barents, e Rettungsschëff vun den Dokteren ouni Grenzen, huet ënnerhalb vu 24 Stonnen dräi Rettungsmissiounen ausféiere missen. An engem iwwerfëllten Holzboot konnte si allerdéngs just nach den Dout vun 10 Persounen feststellen.

Nodeems Alarm Phone a Seabird op d’Boot am Mëttelmier, gutt 30 Séimeile vun der libescher Küst ewech, opmierksam gemaach hunn, huet d’Geo Barents sech direkt op de Wee gemaach. Gutt 99 Persoune konnten a Sécherheet bruecht ginn. Iwwer 13 Stonne waren dës Mënschen um Waasser.

No enger Zäit hätte si bemierkt, datt verschidde Persounen net méi äntwere géifen. Well et an engem Raum immens no Kraaftstoff gericht huet, geet d’MSF-Ekipp dovunner aus, datt déi 10 Doudeg erstéckt sinn.

D’Fulvia Conte, Ekippecheffin u Bord vun der Geo Barents erkläert: „Nodeems mir déi 99 Persoune gerett haten, hu mir déi 10 aner Kierperen ënne fonnt. Et huet eis bal 2 Stonne kascht si erauszekréien an u Bord ze huelen, fir datt si e wierdegt Begriefnis kréien wa mir bis um feste Buedem sinn.“ Et ass eng weider Tragödie um Mier, déi hätt kënne verhënnert ginn.

Vum 15. bis de 16. November huet MSF ënnerhalb vu 24 Stonnen 3 Rettungsaktiounen duerchgefouert. Hei konnten 186 Persounen sécher um Boot vun der Geo Barents opgeholl ginn, dorënner och 61 Mannerjäreger. Op der Flucht eraus aus dem Misär waren och eng ganz Rei Frae mat hire Kanner, woubäi de jéngste Puppelche knapp 10 Méint huet. Si kommen ënnert anerem aus Nigeria, der Elfebeeküst, Somalia a Syrien.

10 Doudeger um Mëttelmier
© Dokteren ouni Grenzen

D’Caroline Willemen, Koordinatrice vum MSF-Projet op der Geo Barent weist drop hin, datt dëst alt nees en trauregt Zeechen dofir ass, wéi Europa sech zeréckhält, awer och wéi wichteg et ass esou Rettungsekippen um Mëttelmier ze hunn. Et si mënschenonwierdegt a grujeleg Zoustänn, déi d’Mënschen dozou bréngen hir Heemecht zeréckzeloossen. Hiren eenzegen Auswee ass déi geféierlech Flucht an d’Hoffnung op eng besser Zukunft.

Dernières nouvelles