(Nach) Keng Vullegripp zu Lëtzebuerg, dofir an den Nopeschlänner

Aktuell soll d‘Vullegripp zu Lëtzebuerg net present, dofir awer an den Nopeschlänner nogewise gi sinn. Well de Virus souwuel Gefligel wéi och Stand- an Zuchvullen befale kann, a verschidden Aarten aktuell an de waarme Süden migréieren, besteet de Risiko, datt d‘Krankheet viru gedroen a verbreet gëtt.

Aus dësem Grond erënnert d‘Veterinärsverwaltung zu verschidde Virsiichtsmoossnamen fir Besëtzer vu Vullen a Gefligel:

  • Halt Är Déieren am Beschten bannen oder an engem mat Netzer ofgespaarte Beräich, sou datt kee Kontakt tëscht hinnen a wëlle Vullen. Stellt hinnen Waasser a Fudder och just bannen zur Verfügung. D‘Drénken un ëffentlechen Uewerflächegewässer, wou wëll Vullen sech ophalen kënnen, ass ënnersot;
  • Bei all Verdacht op Vullegripp – dat Beispillsweis duerch eng anormal Stierflechkeet bei den Déieren – muss e Veterinär kontaktéiert ginn;
  • All Import vu Gefligel muss duerch en offizielle Veterinär aus dem Hierkonftsland zertifiéiert ginn (TRACES). Dat gëllt och beim Kaf vu Gefligel um Maart.

An dësem Kader gëtt drun erënnert, datt de Konsum vun Eeër oder och Fleesch vum Gefligel kee Risiko fir de Mënsch duerstellen.

Dernières nouvelles