Naturschutzpolitik a Landwirtschaft: Ee Widdersproch?

Well eis (wéi zimmlech all) Regierung zwar ëmmer mat Moossname kënnt, esouguer bereetwëlleg schützenswäert Habitater mam Label „Natura 2000“ auszeechent, an d‘Resultat dann awer nëmmen de Constat vum Verloscht vun der Biodiversitéit mat sech bréngt, ass den ONGen: Natur & Ëmwelt a Mouvement Ecologique (MeCo) elo de Kolli geplatzt a si gi juristesch géint d‘Regierung vir.

De Verloscht vun den (eigentlech) geschützte Liewensraim, d‘Ausstierwe vu Liewensaarten an den esou provozéierten Néiergang vun der Biodiversitéit, dee muss ophalen. Dat wëssen d‘Politiker an déi verantwortlech Decisionnäre vun Industrie a Wirtschaft. Zumindest hunn déi zu Glasgow tëscht vill Blabla jo schonn no engem hallwe Joerhonnert „Warnung“ erkannt datt et de Klimawandel gëtt.

Wärend sech dann elo zu Glasgow drop verstännegt ginn ass, datt een ënner Ëmstänn gewëllt wier eppes ze ënnerhuelen, also esou bis géint der Mëtt vum Joerhonnert gewësse Feelverhalen an déi richteg Bunnen ze leeden, esou gëtt déi Kris vun der Biodiversitéit schänterlech ënnerschloen. Datt elo béides, also Äerderwiermung a Verloscht vun der Biodiversitéit verknäppt sinn, ass dat egal?

Nee ass et net an natierlech wëssen datt d‘Politiker och. Leider stinn d‘Wirtschaftsintressen allen Aktiounen iergendwéi ëmmer an de Féiss, firwat dann och ouni e schlecht Gewëssen ze hunn, géint europäescht Recht verstouss gëtt. Gett ee bestrooft, esou trëfft et de Portmonni vum Steierzueler, et muss een als Minister jo net d‘Verantwortung fir seng Feeler iwwerhuelen. Dat muss änneren.

Fir datt sech dat ännert. Hunn elo also d‘ONGen Ëmwelt & Natur / Mouvement Ecologique eng Plainte géint d‘Regierung zu Bréissel agereecht. Eng wuel éischter laangwiereg Geschicht, mee no iwwer zéng Joer, wou op all d‘Verfeelungen higewise gouf an seriéis Virschléi gemaach goufen, wéi een der sech ukënnegender Katastroph kéint entgéintwierken, ass glat a guer näischt geschitt.

Annex: Unzureichende Berücksichtigung des Naturschutzes in der Landwirtschaftspolitik

Dernières nouvelles