Ginn e Méindeg nei Mesuren annoncéiert?

Et hat um Freideg keng Sëtzung vum Regierungsrot, déi fënnt eréischt ee Méindeg statt. Et kéint een unhuelen, datt déi rapid Changementer un der Covid19-Front, mat ëmmer méi héijen Zuelen vun Infizéierten an de neier Covid19-Variant „Omikron“ (B.11.529), ënner Kontroll sinn…

Wann d‘Ekipp vun der Taskforce eng signifikant Hausse vun den Infektiounsfäll mellt an hei notéiert, datt een et bei de Previsiounen eppes „gutt gemengt“ hat, bedeit dat allgemeng näischt Gutts. A da kommen Experten a braddelen eppes vun enger acceleréierter epidemescher Dynamik. Dobäi ass et faktesch eng Pandemie, Lëtzebuerg keng Insel an den Informatiounsinhalt dënn.

A well ee leider net amstand ass sech verständlech auszedrécken, leet een nach eng Schëpp drop andeems ee sech a Previsiounen üübt. Esou geet d‘Taskforce elo dovunner aus, datt mir am Januar 2022 60 Covid19patienten op der Normalstatioun an 25 Patienten op der Intensivstatioun wäerte leien hunn. Dat kléngt net bedreelech an dat wëssen d‘Experten och, firwat et och nach ee „worst case“ Zenario huet: do ass da rieds vun enger Opdeelung: 100 (normal) zu 50 (intensiv) Patienten.

Elo heescht dann emol ofwaarde wéi d‘Previsioune vun den Experten, d‘Entwécklung bei eisen Noperen, d‘Optriede vum Variant B.11.529 an de groussen Zousproch fir d‘Impfung am Land, vun der Regierung bewäert ginn. Nach ass jo d‘Covid19-Gesetz bis den 18. Dezember gülteg. Op et elo virzäiteg muss zu Upassunge kommen a wéi dës kéinten ausgesinn… mir hunn do esou eng Anung.

Woulaanscht se net wäerte kommen

Et gouf jo schonn um Freideg decidéiert, den Télétravail bannent dem ëffentlechen Déngscht – iwwerall do wou et da méiglech ass – op véier Deeg/Woch festzeleeën (aktuell si maximal dräi Deeg méiglech an de Chef muss dat och nach wëllen). Et soll och op den Télétravail fir de Privatsecteur gedrängt ginn, mee do wëll ee sech mam Patronat an de Gewerkschaften ofschwätzen.

Säitens der Santé huet et och Noriichten: de Chef vun der Gesondheetsdirektioun, Dr. Jean-Claude Schmit plaidéiert fir den extensiven Asaz vu Mask/Buff an de Retour zu de Gest Barrière. An zwar onbeuecht ob ee geimpft ass oder net. Hie schéngt sech och mam Gedanken unzefrënnen, elo awer en Ënnerscheed tëscht de Vaccinéierten an „deenen aneren“ ze maachen. Nee hir fuerdert explizitt keng Impfflicht, och wann dat den eigentleche Fong vum Gedanken ass. Hien ass jo ee Gudden.

D‘Dauer vun der Gültegkeet vun den „Tester“ (déi jo nëmme vun den ongeimpfte musse gemaach ginn, well déi geimpft den Virus weder kréien nach weiderginn) ass op 24 Stonnen erofgesat ginn. Dat hei ee lukratiivt Geschäft gestäipt gëtt, an ee scho vu Stigmatiséierung schwätzen dierf, ass jo irrelevant, esoulaang garantéiert ass, datt d‘Leit genee de Choix hunn, dee si sech leeschte kënnen.

Dernières nouvelles