Nei polnesch Virwërf a Richtung Minsk

De polnesche Krichsminister Mariusz Blaszczak (PiS) huet veriergert op ee Strategiewiessel vun der wäissrussescher Regierung, déi bekanntlech Migranten/Flüchtlingen als Waff an engem hybride Krich asetzen, reagéiert.

Géintiwwer dem Radiosender RMF FM – (dat ass ee Privatsender, deen der zu Krakau usässeger Verlagsgrupp „Bauer“ gehéiert an als besonnesch Regierungsfrëndlech gëllt) huet de Mariusz Blaszczak zum Ausdrock bruecht, datt d‘Migranten zesumme mat de wäissrusseschen Autoritéiten eng nei Strategie entwéckelt hunn. Si géifen elo a klenge Gruppen zäitgläich op ville Grenzpunkten den Duerchbroch versichen. Eng Aktioun déi vum Diktator Lukaschenko initiéiert gi wier…

D‘Ausso vum Krichsminister gëtt vun de polnesche Grenzschützer an der Police gestäipt. Esou gëtt de polnesche Grenzschutz un, datt eng 200 Persoune vergieflech versicht hätten de pickegen Drot ze iwwerwannen. Dat hätt sech am fir Journaliste gespaarte Beräich vun der Uertschaft Dubicze Cerkiewne zougedroen. D‘Migrante sollen sech aggressiv verhalen hunn an d‘Beamte mat Steng, Feierwierkskierper an Tréinegas ugegraff hunn. Zum Gléck wier kee Migrant hei duerchkomm.

Wäissrussland

Och säitens de polnescher Police huet et Erfollegsmeldungen. Néng Schleiser konnte vun der Police neutraliséiert ginn: 4 polnesch, 2 Ukrainer a jeeweils 1 aserbaidschaneschen, däitschen a georgesche Staatsbierger. Si wier mat 34 Illegalen ënnerwee gewiescht. 82 Auslänner sinn opgefuerdert gi Polen direkt ze verloossen; zwee Ukrainer an een Däitsche kruten d‘Handschelle verpasst. Si gi wéinst Bäihëllef ugeklot. De Mariusz Blaszczak geet dovunner aus, datt dat nach laang unhält.

Déi „approximativ“ Äntwert aus Minsk

Déi chaotesch Zoustänn un der Grenz tëscht Polen/Litauen a Wäissrussland, bereeden natierlech och den Technokraten a Polit-Lobbyisten zu Bréissel eppes Kappzerbrieches. Engersäits kënnen Si dem Alexander Lukaschenko seng Provokatioun net guttheeschen, firwat hätt et soss Sanktioune gebraucht? Anersäits ass Polen – als Pionéier a Froe vun der Rechtsstaatlechkeet an als Virreider vun der Pressefräiheet bannent der Europäescher Unioun – selwer ee politescht Suergekand.

Wäissrussland

D‘EU-Kommissioun huet allerdéngs net de geréngsten Zweiwel dorunner, datt de Regimm vu Minsk hannert allem Stécht. Dem Lukaschenko seng Handlaanger géifen den Transport vu Migranten/Flüchtlingen aus de bekannte Kriseregioune militäresch organiséieren a koordinéieren. Mënsche géifen un d‘EU-Baussegrenz geschleeft ginn, fir Drock op de Westen auszeüben, esou zumindest de Constat aus Bréissel. Richteg ass: déi meescht hunn en Touristevisa ausgestallt kritt.

Elo sinn dat Indizien déi als Beweis virgeluecht ginn. Beweiser déi den Alexander Lukaschenko zeréckweist. Esou huet den Diktator de Kolleege vun der BBC am Interview nach emol eng Rfei Erklärunge geliwwert. „Et ass duerchaus méiglech, datt et bannent de wäissrussesche Sträitkräften Elementer huet, déi Migrante bei der Arees gehollef hunn. Ech hunn domadder allerdéngs näischt ze dinn. (…) Mir si Slawen… mir hunn en Häerz“, esou de Regierungschef mat ganz eeschter Minn.

mat indymedia/waw/lon

Dernières nouvelles