Rentrée 2022/2023: Nei schoulesch Offeren an de Lycéeën

Dat kommend Schouljoer wäert mat neie Offeren am Enseignement Secondaire, sou wéi och an der Formation Professionelle starten. Des goufen haut vum Educatiounsminister Claude Meisch, de Representante vun de concernéierte Lycéeën an dem stellvertriedenden Direkter vum Service vun der Formatioun Professionelle virgestallt.

Esou kenne sech d‘Schüler zukünfteg op Folgendes freeën:

  • Sektioun N „Entreprenariat, Finanzen a Marketing
  • Lëtzebuergesch op der Sektioun A
  • Diplôme d‘aptitudes professionelles (DAP) „Educatioun“
  • Diplôme d‘aptitudes professionelles (DAP) „Elektro-Technologien“
  • Diplôme de technicien (DT) „Tourismus a Kommunikatioun“
  • Diplôme de technicien (DT) „Gaardebau an der Landschaftsarchitektur“

D‘Zil wier et d‘Talenter vun de Jonken ze fërderen, gläichzäiteg awer och op d‘Besoinen vun de Schüler an d‘Demande vum Aarbechtsmaart ze äntweren. Esou ginn et zu Lëtzebuerg mëttlerweil iwwer 180 verschidde schoulesch Formatiounen, dat am Enseignement Secondaire Classique a General, den internationale Schoulen, wéi och a Form vu Formations Professionelles oder och dem Brevet de Technicien Supérieur (BTS).

Nieft neie BTSen, déi an de leschte Joren kreéiert goufen, sinn och d‘Sektiounen am Enseignement Secondaire Classique ugepasst an erweidert ginn.


Weider Informatiounen zu de verschidden Offere fannt Dir hei:

Dernières nouvelles