Neie Projet „Parent-Enfant“ fir ofhängeg Elteren

Den therapeuteschen Zenter zu Manternach (CTM) ass eng Unitéit vun der Rehaklinik vum CHNP a këmmert sech ëm Persounen, déi ofhängeg vun illegale Substanze sinn. Duerch den neie Projet „Parent-Enfant“ kréie süchteg Elteren(deeler) d‘Méiglechkeet therapéiert a begleet ze ginn, ouni sech dobäi vum Kand trennen ze mussen.

Zanter 2014 kritt den CTM ëmmer méi Ufroe vun Eltere mat ganz jonke Kanner, sou wéi och schwangere Fraen, déi ënnert hirer Ofhängegkeet leiden an no enger Therapie froen. Eleng am Joer 2019 sinn am Zenter ganzer 12 Frae begleet ginn, dovunner waren der 2 schwanger. D‘Krankekees iwwerhëlt allerdéngs keng Prise en Charge vun de Kanner, wann hir Elteren an Therapie ginn. Oft landen déi Kleng dann am Foyer oder an enger Fleegefamill.

Neie Projet „Parent-Enfant“
(v.l.n.r.) : Michèle Rech, Responsabel Soignante CTM; Georges Majerus, Chargé de Direction CTM; Dr Michel Nathan, President vum Verwaltungsrot vum CHNP; Paulette Lenert, Gesondheetsministesch; Dr Mark Ritzen, Generaldirekter vun der Rehaklinik © MSAN

Fir genee dat ze verhënneren an d‘Mamm-Kand-Bezéiung doduerch ze schwäche bitt den CTM 4 Plazen am Projet „Parent-Enfant“ un. D‘Kapassitéite sollen nach erhéicht ginn. Zwee Elteren sti well op der Waardelëscht.

Normalerweis verbréngen d‘Mammen ee Mount am Zenter fir sech ze stabiliséieren. Fir d‘Personal ass dat d‘Zäit fir Mamm a Kand kennenzeléieren an hir Bezéiung ze beobachten. Uschléissend gëtt d‘Kand encadréiert an enger Crèche, wärend d‘Mamm un therapeuteschen Atelieren an Aktivitéiten oder och psychotherapeutesche Gruppen deelhuelen, Eenzelgespréicher mat Psychologe féieren a sech am Alldag organiséiere léiere kann.

„Des Therapie a Begleedung vum Kand huet en duebele Benefice: Se stäerkt de Lien tëscht Elteren a Kand, a minimiséiert de Risiko vun enger Rechute“, sou d‘Gesondheetsministesch bei der Presentatioun vum Projet.

Am vergaangene Joer konnten doduerch 2 Kanner, déi an engem Foyer, respektiv enger Fleegefamill ënnerbruecht gi sinn, zeréck bei hir Eltere goen.

Dernières nouvelles