Neies aus dem Policebulletin

De Samschdeg,de 25. Februar huet d’Sécherheetspersonal vun engem Akafszenter um Kierchbierg der Police eng verdächteg Persoun gemellt, déi dobäi erwëscht gouf, zwee Laptoppen geklaut ze hunn.

De Parquet huet doropshin den Uerder ginn, de Mann ze verhaften. E gouf de Sonndegmoien, de 27. Februar dem Ënnersichungsriichter virgefouert – an dësen huet op der Plaz eng Ënnersichungshaft ausgeschwat. 

Och an engem Geschäft zu Bouneweg, gouf d’Police zu engem vermuttlechen Déifstall geruff. Bei der Iwwerpréiwung vun de Personalien, huet sech erausgestallt, datt de Verdächtegen net berechtegt ass, sech am Land ofzehalen.

Et läit een offiziellt Verbuet géint hie vir. De Parquet huet ordonéiert de Verdächtege festzehuelen. De Mann gouf dem Ënnersichungsriichter virgestallt. Elo läit een Haftbefeel géint hie vir.

Et muss och op Täschendéiwer opgepasst ginn. Zu Rued-Sir konnt een Déif an der Nuecht op e Samschdeg een nawell bekannten Trick uwenden. Dobäi koum et zu kenger Gewalt. Géint Mëtternuecht huet hien eng onbekannte Persoun ugeschwat. Eréischt méi spéit ass dësem opgefall, datt säin Handy feelt.

Informatiounen a präventiv Rotschléi, esou weider Formen vun Déifställ kënnt dir hei agesinn.

Firwat ass et wuel besser ouni Alkohol um Steier ze fueren?

De 27. Februar hat Police Lëtzebuerg och domat ze dinn, d’Stroossen ënner Kontroll ze halen. Géint 03.45 Auer ass enger Stater Patrull een Gefier um Boulevard Royal opgefall – an zwar duerch seng staark Schlaangelinnen. Den Alkoholtest huet bestätegt, datt de Chauffeur ze déif an d’Glas gekuckt huet. Dofir gouf säi Führerschäin agezunn, d’Dot gouf protokolléiert. Dës weideren gouf d’Gefier séchergestallt. 

Och zu Péiteng ass géint 20.45 Auer ee Chauffeur gemellt ginn, deen ee stationéiert Gefier gerammt huet an doropshin einfach weidergefuer ass. Ewéi d’Police dëse Fuerer e bësse méi spéit ugetraff huet, huet sech och hei erausgestallt, datt de Fuerer eng am Kanelli hat. Dofir gouf säi Führerschäin agezunn, d’Dot gouf protokolléiert.

Zu Zolwer esou ewéi an der Stad si weider Führerschäiner abehale ginn.

Op Abriecher oppassen!

Ee Samschdeg goufen der Police vereenzelt Abréch gemellt, dorënner een Eefamilljenhaus zu Wecker. Keller a Garagen zu Zéisseng ware betraff. Elo gëtt mat den Ermëttlungen ugefaangen.

Ewéi een sech virun Abréch schütze kann, kënnt dir hei noliesen.

Dernières nouvelles