Neies aus dem Policebulletin

Owes, géint hallwer 9, huet eng Fra sech bei der Police gemellt. De Mann, deen zwee Deeg virdrun aus der Wunneng zu Diddeleng verwise gouf, géing sech am Wunngebai befannen an un hirer Hausdier schellen. De Mann ass op der Plaz opgetraff ginn. Op Uerder vum Parquet gouf eng Plainte gemaach.

E bësse méi spéit, koum bei der Police d’Meldung eran, datt de Mann sech Zougang zu der Wunneng verschaf hätt. Doropshin gouf hien festgeholl. Hien gëtt dem Ënnersichungsriichter virgefouert.

Abréch a Gefierer

Géint 4 Auer gouf der Police een Abroch an een Gefier zu Sandweiler gemellt. Op der Plaz ukomm, ass festgestallt ginn, datt nach méi Autoen opgebrach waren. Elo gëtt ermëttelt.

Kee Führerschäin méi

Géint 22:30 ass der Police een Auto gemellt ginn, wat a Schlaangelinne gefuer ass. De Chauffeur ass den Uweisungen vun der Police net nokomm an einfach weidergefuer. Dobäi ass et bal zu engem Accident komm. Op der Ausfaart Féitz war et dunn eriwwer. Alkoholtester konnten net duerchgefouert ginn, also ass de Chauffeur fir eng Bluttanalys an d’Spidol bruecht ginn. De Virfall gouf protokolléiert.

Géint 2 Auer ass och ee Gefier zu Esch/Uelzecht vun der Police gestoppt ginn. Den duerchgefouerten Alkoholtest war positiv, säi Führerschäin gouf entzunn. Dës weideren war d’Gefier net uerdentlechugemellt. De Virfall gouf protokolléiert.

Dës Virfäll sinn an der Nuecht op de 26. Mee passéiert.

Dernières nouvelles