Preparatiounen, Visibilitéit an e Fotosconcours: Neies vun der LUGA

D’Luxembourg Urban Garden – kuerz LUGA – sollt 2023 déi éischt grouss Gaardeschau am Land ginn, gouf awer ënnert dem Motto „2023 séien – 2025 d’Recolte maachen“ no hanne verréckelt. Fir d’Organisateuren ass dat awer kee Grond faul um Canapé ze leien. Et ginn nämlech eng Rei Nouvellen.

Esou gouf matgedeelt, datt am Stater Park de Beräich ronderëm d’Amalia-Monument a Schoss bruecht gëtt. Donieft gëtt de Pavillon mam Numm „Phyllôm“ virbereet fir d’Floriade 2022. Op dëser internationaler Gaardebauaustellung zu Almere an Holland wäerte Lëtzebuerg an d’Faarwe vun der LUGA esou vertruede ginn.

Zu gudder Lescht gëtt opgeruff zum grousse Fotoconcours „My Urban Garden Luxembourg“. Déi bescht Opnamen aus de Parken, Gäert a schéinste grénge Plazen an der Stad Lëtzebuerg solle per Mail un myurbangarden@luga.lu geschéckt ginn. Dobäi ass et egal, ob een elo professionelle Fotograf oder Amateur ass. Wat zielt ass d’Léift zur Natur an d’Festhale mat enger Foto vun hirer Schéinheet.

Weider Informatioune ginn et op www.luga.lu.

Dernières nouvelles