Fir d‘Natur, hire Schutz an Erhalt: Aweiung vum neien Natura 2000 Gebitt zu Mäerzeg

Gëschter gouf a Presenz vun der Ëmweltministesch Joëlle Welfring dat neit Natura 2000 Gebitt mam Numm „Massif forestier et mardelles du Säitert – Mertzig“ ageweit. Op enger Fläch vu 45 Hektar si geschützte Beem, sou wéi rar an/oder bedreeten Aarten ze fannen.

Dat grousst Bëschgebitt zielt ënnert anerem ganz al Beem an huet sougenannt Mardellen opweises. Des Kaulen fëlle sech reegelméisseg mat Reewaasser, respektiv sinn dauerhaft mat Waasser befëllt a bidden esou Liewensraum fir zuelräich Aarten.

Zu de bedreete Gäscht, déi hei awer gären emol ze fanne sinn, gehéiere beispillsweis d‘Bechsteinfliedermaus an dat Grousst Mausouer.

Nei Natura 2000 Zon zu Mäerzeg
Aweiung vum neien Natura 2000 Gebitt zu Mäerzeg © MECDD

Ma, des immens Diversitéit a schützenswäert Natur gëtt awer elo net ënnert eng Klack gesat a virun all mënschlechem Kontakt geschützt. Ganz am Géigendeel: D‘Natur soll weiderhin erliefbar sinn, natierlech am géigesäitege Respekt. Esou gouf, zesumme mat der Asbl „Op der Schock“ en inklusiven didaktesche Wee ageriicht.

Lëtzebuerg huet mat der neier Natura 2000 Zon zu Mäerzeg mëttlerweil 48 Erhalungs- an 18 Schutzzonen. Si decke 27% vun der Fläch vum Land of.

Dernières nouvelles