Netflixtipp: Déi beschte Krimiserien

Well haut bei eisen däitschen Noperen den Dag vum Krimi ass, stelle mir Iech eng Rei Serië vir, déi ee fir de Moment op der Streamingplattform Netflix kucke kann.

Sherlock Holmes

Zu de beschte Krimiserië gehéiert op jiddwer Fall de Sherlock Holmes. Et ginn nawell vill Adaptatioune vun dësem britteschen Detektiv – an et lount sech allkéiers ze kucken, ewéi hien seng Fäll léisst. D‘Serie mam Benedict Cumberbatch kënnt deem richtege Sherlock (menger Meenung no) warscheinlech am noosten. De Schauspiller spillt de skurrilsten an onkonventionelle Meeschterdetektiv ewéi keen aneren. D’Serie ass net fir tëschenduerch – wien net oppasst, verléiert nawell séier de Fuedem. Dës weideren huet all Folleg d‘Längt vun engem klenge Spillfilm.

Wallander

Wien déi skandinavesch Bicher gelies huet, kënnt scho bal net laanscht dës Serie. Am Mëttelpunkt steet de jonke Polizist Kurt Wallander, deen a sengem Quartier Zeie vun engem Verbrieche ginn ass. Selbstverständlech mécht den engagéierte Polizist sech op d’Sich no den Täter, geréit dobäi allerdéngs selwer a Gefor. Ma dat hält hien net dovunner of, a weidere Staffele fir Gerechtegkeet ze suergen.

How to Get Away With Murder

Dës Serie mat der intelligenter Juraprofessorin Keating ass schonn e bësse méi al, mee nach ëmmer exzellent. Aus hirer Liesung wielt si fënnef Studenten aus, déi bei richtege Fäll hëllefe sollen. An och hei heescht et – onkonventionell ass dacks déi richteg Léisung. Perséinlech Problemer suerge fir allerlee Dramaen. Dozou kënnt nach, datt d‘Studenten och an een verdächtegen Doudesfall verwéckelt ginn. Wéi kréien si sech aus der Affär gezunn?

Unbelievable

Dës Serie mécht rosen, se baséiert op realen Tatsaachen. D‘Marie behaapt, datt hatt vergewaltegt ginn ass, leider kritt d‘Teenagerin net gegleeft. De Géigendeel ass de Fall. Him dreet eng Uklo wéinst enger Falschausso. Dräi Joer méi spéit ermëttelt eng Polizistin an engem weidere Vergewaltegungsfall. D‘Parallelle sinn däitlech an offensichtlech. Zesumme mat hirem Partner rullt si dem Marie säi Fall erëm op. Mee suergt dat fir Gerechtegkeet?

Lupin

Zu gudder Lescht presentéiere mir Iech den Déif Lupin. D‘Haaptroll an dëser franséischer Serie gouf vum bekannte Schauspiller Omar Sy iwwerholl. Den Assane Diop, sou heescht seng Roll an der Serie, ass ee grousse Fan vun de Romaner ronderëm den Arsène Lupin. Mat engem riskanten Trick wëll hien d‘Onschold vu sengem Papp beweisen, deen am Prisong verstuerwen ass. Mee dat ass méi einfach geplangt, ewéi duerchgesat – hien gëtt duerch ganz Paräis verfollegt. Dës weidere muss den Assane dofir suergen, datt seng Famill net a Gefor geréit. Mee wäert him dat geléngen? Fir de Moment sinn zwou Staffelen op Netflix disponibel, duerch dee grousse Succès ass eng drëtt Staffel geplangt.

Dernières nouvelles