Natur- a Geopark Mëllerdall: Dem Zil nees e Stéck méi no

No enger éischter Ofso fir Deel vun den UNESCO Global Geoparks ze ginn, huet den Natur- a Geopark Mëllerdall un de Kritikpunkte geschafft an am Hierscht 2020 eng nei Kandidatur ofginn. A wat soll ee soen – et gesäit ganz gutt aus!

Am Oktober dëst Joer waren zwee Experten op der Plaz, déi sech emol d’Offeren an der beléifter Fielslandschaft unzekucken. Ma, virun enger Woch huet d’Sitzung vum UGGp-Rot stattfonnt, bei där d’Memberen dem Exekutivvirstand wäermstens un d’Häerz geleeën hunn, d’Kandidatur vum Natur- a Geopark Mëllerdall unzehuelen.

Elo ass just nach e bësse Gedold gefuerdert. Am Fréijoer 2022 ass eng definitiv Äntwert z’erwaarden.

UNESCO Global Geoparks
D’Huel Lee am NGPM © Uli Fielitz

E kuerze Réckbléck

D’Kandidatur vun 2017 gouf net zeréckbehalen, well et dem NGPM wuel u Siichtbarkeet gefeelt huet. Duerch divers Upassungen gouf d’Regioun op e quasi perfekte Stand bruecht. Net nëmmen an der Natur ass esou munches geschitt – ënnert anerem duerch Infrastrukturaarbechten, erkärende Panneauen a Beschëlderungen – mee och a Saache Kommunikatioun no baussen huet d’Ekipp eng Schëpp drop geluecht. Donieft koum et zu reegelméissegen Treffe mat de Vetrieder vun anere Geoparken.

UNESCO Global Geoparks si Regiounen, déi hir Landschaften duerch e Gesamtkonzept erliefbar maachen an esou Beräicher wéi Bildung, Naturschutz an Nohaltegkeet kombinéieren. Dat geologescht Ierwen soll net nëmme fir eng Identifikatioun mat der Géigend suergen, mee och Mënschen zesummebréngen, de Geotourismus an d’Entwécklung vun der Regioun fërderen.

Aktuell besteet d’Netzwierk aus 169 Geoparken, verdeelt a 44 Länner.

Dernières nouvelles