Nordkoreaneschen Diktator wënscht sech ee schlankt Vollek

De Leader Kim Jong-un huet d‘Bierger opgeruff, de Rimm eppes méi no un de Kierper ze bréngen

Vun Nordkorea, engem Land dat ënner Sanktioune begruewen ass, huet een ausser de Berichter zur Weiderentwécklung vu sengem moderne Waffenarsenal, an der Lescht éischter wéineg héieren. Elo geet et op de Wanter duer, a wann da gewosst ass, datt de Kim seng Volleksarméi an d‘Felder vun der Natioun an den Asaz schéckt, dreet nees Ongemaach. Geet dem Kim Jong-un elo d‘Fudder aus?

Zu New York, um Sëtz vun de Vereenten Natiounen hätt et Berichter, aus deene géif ervirgoen, datt Nordkorea aktuell eng Hongersnout erlieft, oder zumindest am Begrëff wier an eng Hongersnout ze rutschen. Den Ament ass nach Karschnatz an net all d‘landwirtschaftlech Gidder si recoltéiert. Well awer (wéi eigentlech all Joer) d‘Arméi nees agesat gëtt, muss ee vu Problemer am Land ausgoen.

Laut enger éischter virsiichteger Aschätzung vun der UN, feelen dem Land Liewensmëttel fir bis zu engem Quartal. Gutt dat ass elo och éischter bekannt, vu datt et an Nordkorea eng schonn als chronesch ze bezeechnend Liewensmëttelknappheet huet. Hongersnéit huet zanter et Sanktiounen huet, woubäi natierlech net all Nordkoreaner gläichermoosse betraff ass. Dat ass esou mat Strofen.

Wa Sanktiounen zu enger Hongersnout féieren, trëfft dës sécher ni déi Mënsche wou d‘Sanktiounen ausgeléist hunn, mee d‘Bierger am Land. Dat huet domadder ze dinn, datt d‘Sanktioune jo och den Zweck hunn, d‘Bierger vun engem Land géint déi „béis“ Regierung opzebréngen. Nordkorea stellt dëse Prinzip op d‘Kopp. D‘Nordkoreaner sinn esou formatéiert, datt kaum een de Kim a Fro stellt.

Am Wandel vun den Zäiten

Esou richteg ugefaangen huet d‘Problematik Ufank den 90er Joren. Dee kommunistesche Block ass bei der Däiwel gaangen, den Zesummenhalt vun de „lénken“ Diktature gouf brécheg. Fir ee Land wéi Nordkorea hunn d‘Problemer domadder allerdéngs eréischt ugefaangen, an ausser dem Brudder China, huet Pyongyang esou zimmlech all seng Fournisseure verluer. D‘Wuere goufe méi deier…

Mee och no bal dräi Joerzéngte Mangelwirtschaft, Honger an dem Verfall vum Gesondheetswiesen, stinn d‘Nordkoreaner hannert hirem Leader. Wéi schlëmm et wierklech a Punkto „Versuergung“ vu Mënsch a Véi ausgesäit, dat kënnen awer net emol déi Vereenten Natiounen unhand seriéisen Date soen. Nordkorea ass vun der Welt isoléiert, an de pandemesche Kontext huet och ee fetten Impakt.

Hanner virgehalener Hand heescht et: „Et huet nëmme wéineg westlech Diplomaten, eis feelen déi Leit wou Informatioune bereethale kéinten. Den Ament baséieren sech eis Aussoen op Rumeuren a mir sollte scho bedenken, datt an den Zäite vun der Recolte, éischter keng Hongersnout besteet. Déi huet fir gewéinlech géint Enn vum Fréijoer“. Mee wéi kann een da vun Hongersnout braddelen?

Näischt Genaues weess een net, an dat gëtt esou kloer duergestallt. D‘Behaaptung/Ënnerstellung vun enger Hongersnout an Nordkorea bezitt dann elo op wat konkret? Ma géintiwwer der eegener Noriichtenagence KCNA, huet de sympathesche wann och „béise“ Jong vu Pyongyang erkläert, datt d‘Land sech an enger ugespaanter Lag befanne géif, an ee d‘Leit hire Konsum iwwerdenke sollten.

Weltpolitik virum Ofgrond

Am Nordkoreanesche Kontext muss och nach drop higewise ginn, datt d‘Sanktioune fir déi meescht vun den Amerikaner an hiren traditionellen Handels- a Krichspartner ausgeschwat ginn. Russland a China, déi et den Ament net esou mat den USA hunn a wuel och mat den Europäer nach dierften op „Schanke“ stoussen, hu rezent am UN-Sécherheetsrot fir d‘Ophiewe vu Sanktiounen ausgeschwat.

Wéi schonn ugedeit, bal 30 Joer maximal Sanktiounen hunn näischt verbessert. Et huet nach ëmmer kee Rapprochement mam Süden, wat een awer hei enger wiesselfreedeger US-Aussepolitik an dem diplomateschen Talent vun de leschten US-Presidenten zouzeschreiwen huet. Keng Hongersnout an Nordkorea huet dem Regime jeemools geschuet. An d‘Atomwaffen si méi wichteg wéi Honger…

mat indymedia/sel/nyc

Illustratioun: © Random Institute / unsplash

Dernières nouvelles