Noutstand am Südsudan

Méi ewéi 800.000 Persoune benéidegen humanitär Hëllef

Duerch schwéier Iwwerschwemmungen, déi grouss Deeler vum Land ënner Waasser gesat hunn, appelléieren d’Dokteren ouni Grenzen un aner Organisatiounen a Regierungen, datt déi benéidegt humanitär Hëllef verstäerkt muss ginn.

Dozou gehéieren ënnert anerem Nierungsmëttel, Waasser- a Sanitärversuergung an déi medezinesch Versuergung. Nëmmen esou kënnen déi geféierlech Liewensbedingunge vun ongeféier 150.000 Geflüchte verbessert ginn. Besonnesch betraff ass de Bundesstaat Unity State.

D’Mënsche sinn duerch hëfthéicht Waasser getrëppelt, si hunn zerstéiert Haiser an erdronken Déieren hannert sech gelooss. Déi Geflüchte liewen elo a provisoresche Lageren zu Bentiu.

Och Experte schwätze vun de schlëmmsten Iwwerschwemmungen zanter méi ewéi 60 Joer. Et ass eng Katastroph, wat ee Land betrëfft, wat schonn um Enn ass. Méi ewéi d’Hallschent vun der Bevëlkerung leid un Honger. D‘Land gëtt ëmmer erëm duerch Gewalt a Biergerkricher zeréckgeworf, elo mussen si nach mat de Folge vun der globaler Klimaerwiermung kämpfen.

Vill Beräicher sinn duerch iwwerschwemmte Stroossen net méi erreechbar. Kleng Gemengen hu Problemer medezinesch Ariichtungen ze erreechen. Si sinn op sech selwer gestallt.

D‘Aussiichte si katastrophal. Net nëmmen d‘Waasser klëmmt kontinuéierlech, och d‘Wiederprevisioune weisen drop hin, datt nach méi Reen kënnt.

Duerch dës Ëmstänn ass d’Spidol vun den Dokteren ouni Grenze komplett iwwerfëllt. Hier Ekipp ënnersicht duerchschnëttlech 180 Patiente pro Dag. Dobäi sinn et dacks Kanner, déi un Ënnerernärung, enger Erkrankung un den Otemweeër oder Malaria leiden.

D’Aktivitéite musse schnellstméiglech verstäerkt ginn.

„Déi lues humanitär Reaktioun, gefäerdet Mënscheliewen, » seet de Will Turner vun den Dokteren ouni Grenzen.

Dernières nouvelles