3.557 Schüler fir d’Ofschlossexamen 2022 ageschriwwen

Et ass nees esou wäit: Nächsten Dënschdeg fänkt fir d’Schüler vun den Ofschlossklasse vum Enseigne Secondaire Classique a General eng opreegend Period un. Ganzer 3.557 Kandidaten wäerten d’Ofschlossexamen vun dësem Schouljoer schreiwen.

Si ënnerdeele sech an 2.009 jonk Fraen (56,6%) an 1.548 jonk Kärelen (43,5%). Am Classique sinn et 1.600 Schüler (876 Fraen, 724 Männer), am General 1.936 Schüler (1.122 Fraen, 814 Männer), wärend 21 Schüler (11 Fraen, 10 Männer) vun den Owescoursen d‘Ofschlossexame schreiwen.

Déi schrëftlech, mëndlech sou wéi praktesch Prüfungen gi vun 1.458 Memberen aus 236 Examenskommissioune bewäert.

Mir wënschen alle Kandidate ganz vill Gléck!

Dernières nouvelles