Oktav 2022: D‘Evenement geet lues awer sécher op en Enn

Zanter dem 7. Mee ass déi dësjäreg Editioun vun der Oktav an der Stad Lëtzebuerg amgaangen. Dat reliéist Fest, dat zu Éiere vun der Jongfra Maria zelebréiert gëtt, ass net nëmme bei Gleewegen beléift!

Dausende Pilger aus der Groussregioun besiche wärend den zwou Wochen d‘Kathedral vun eiser Haaptstad an huelen un de Massen deel. Ma, besonnesch de Mäertchen um Knuedler, sou wéi op der Konstitutiounsplaz, lackelen zousätzlech dausende Visiteuren un.

Ma, des Traditioun geet iwwregens schonn op d‘Joer 1666 zeréck, wou d‘Pescht zu Lëtzebuerg zuelräich Affer gefuerdert huet. D‘Maria ass esou zur sougenannter ‚consolatrix afflictorum‘ gewielt ginn, wat esou vill bedeit wéi datt si beschützen an tréischte soll. Am Kader vun der Oktav kritt hir Statue festlech Kleedung ugedoen.

E Sonndeg, den 22. Mee 2022 steet schliisslech d‘Schlussprossessioun vun der Oktav, déi dëst Joer ënnert dem Motto ‚D`Schéinheet vum Glaawen‘ steet, un.

D‘Stad Lëtzebuerg deel dofir mat, datt fir d‘Ofbau- an Opraumaarbechte verschidde Stroossen wäerte gespaart an och d‘Stationéieren net erlaabt wäert sinn. Eng adequat Beschëlderung gëtt fir de Verkéier ageriicht. Hei de Plang:

Oktav 2022

Dernières nouvelles