Omikron – dës Kéier ass e wierklech do

Nodeems den „éischte“ Fall vun der Omikron-Variant eng Falschmeldung an ee Feeler an der Statistik war, ass et dann elo esouwäit.

Dëst huet d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert an den Tom Dentzer bei de Kolleegen am RTL-Podcast „Wellebriecher“ – an och op enger Pressekonferenz bestätegt.

D’Omikron-Variant ass elo offiziell zu Lëtzebuerg ukomm. Betraff ass eng jonk Fra, déi an enger Botzfirma schafft. Dës war och an Altersheemer am Süde vu Lëtzebuerg täteg. Selbstverständlech goufen déi néideg Sécherheetsmoossname geholl, et bleift ze hoffen, datt net all ze vill Infektiounen dobäi kommen.

D’Patientin selwer huet et nawell gutt erwëscht, si huet staark Symptomer an ass a medezinescher Behandlung. Anscheinend ass d’Impfung de Grond fir deen schwéiere Verlaf, déi jonk Fra huet d’Booster-Opfrëschung nach net kritt. Wär dat de Fall gewiescht, wären d’Symptomer warscheinlech méi liicht.

Dës weideren gouf ewell bestätegt, datt si a leschter Zäit net am Ausland ënnerwee war, elo muss erausfonnt ginn, ewéi déi jonk Fra sech mam Omikron ugestach huet.

Dernières nouvelles