Opgepasst Arnaque: Krut Dir schonn eng SMS vun der Douane?

Zuelräich Persounen hu gemellt eng SMS geschéckt kritt ze hunn, datt d’Douane e Pak fir si géif blockéieren a si dëse just erhalen, wann d’Fraisen am viraus bezuelt ginn. Heibäi handelt et sech ëm Bedruch.

D’Gauner gi sech heibäi als Douane aus an hoffen op d’Onwëssenheet vun der Bevëlkerung. An dësem Kader stellt d’Verwaltung vun der richteger Douane kloer, datt si keng Messagen op den Handy schécken, bei deenen den Destinatär opgefuerdert gëtt ze bezuelen.

Bei der Police gouf schonn eng Plainte gemaach. D’Beamten recommandéieren, datt och all Persoun, déi esou eng SMS erhält, eng Plainte mécht.

Dernières nouvelles