Oppene Bréif: Besuergt Eltere vu Schüler aus Lëtzebuerger Schoulen

Duerch dat séiert Verbreeden vun der Virus-Variant Omikron ass d’Situatioun an de Lëtzebuerger Schoulen ganz besuergneserreegend. D’Zuel vun de positive Fäll klëmmt all Dag.

Et schéngt wéi wann de Ministère de l’éducation nationale an de Ministère de la Santé zwee wichteg Aspekter vun der Pandemie net géingen berécksiichtegen:

a) De Risiko vun engem schwéiere Verlaf fir d’Kanner an d’Léierpersonal/d’Proffen an hier Famillen, souwéi déi méiglech Konsequenzen vu Long-Covid

b) D’Tatsaach dass duerch déi vill nei Fäll ënnert dem gesamten Schoulpersonal de Risiko vun engem Qualitéitsverloscht am Enseignement entsteet.

Duerfir denke mir dass et elo Zäit ass fir ze reagéieren, fir sech mat aner Elteren an dem Schoulpersonal zesummenzedoen an e Bréif ze verëffentlechen, den d’Regierung net kann an net soll ignoréieren.

Marthe Schmit, Marie Parlevliet, Irene Schildbach, Laurent Kneip, Ida Gyurian, Philippe Kirsch

Den oppene Bréif fannt Dir, prett fir ze ënnerschreiwen op https://forms.gle/QP7etyFLH5y4c9em7 – Den Text hu mir HEI als PDF nach emol ugespéngelt.

Dernières nouvelles