Zum Optakt vun den Adventsdeeg… een Naturdréiwen

Mir schreiwen den 1. Dezember, an dat heescht datt bei den Adventskalenner déi éischt Dier – fir déi eng schonn opsteet, oder wéi beim Béier-Adventskalenner, drop waart, datt de Feierowend een derzou ermontert se opzestoussen. Fir datt och direkt däitlech ass wouhinner d‘Rees geet, stécht hannert eiser éischter Dier de „Festbéier “ vun der Iechternacher Brauerei (EB). Eng flott Affär…

Beim Festbéier vun der Iechternacher Brauerei gëtt een op eng kleng Zäitrees matgeholl. U sech een éischter klassesche Béier: gebraut nom däitsche Rengheetsgebuet awer ongefiltert. Dozou sollt ee wëssen, datt de Fait datt ee Béier dréif war, bis déif an dat 19. Joerhonnert ganz normal war. Et gouf eréischt ëm 1878 ugefaangen dëst nierräicht Gedrénks ze filteren. Nei „Stiler“ sinn esou entstanen.

Dat elo ee Béier soll „dréif“ besser si wéi „gefiltert“ kann een eventuell um Goût festmaachen, net awer bezunn op d‘Qualitéit. Ass de Béier, wéi de Numm et seet naturdréif, esou heescht dat am Fong just, datt dëse gellege Genoss direkt nom Gärungsprozess ofgefëllt ginn ass, also déi Schwief- an Dréifstoffer, ganz natierlech entstinn. Et handelt sech dobäi iwwregens ëm de Rescht vum Happ.

Mam Happ, eppes Hief an Eewäisser gëtt dat afalend Liicht gestreet, firwat de Béier dréif gëtt. Et huet net direkt Afloss op den Alkoholgehalt, mee en Naturdréiwen, wéi hei d‘Festbéier vun der Iechternacher Brauerei (EB) ass méi douce am Goût a seng ënnerschiddlech Arome „verdeele“ sech besser. Woubäi eng uerdentlech Lagerung an Temperatur als essentiell Viraussetzung gëllen.

Et wier nach ze soen, datt Hief-Organismen nach verschidden organesch Stoffer enthalen, déi, wann een dëse Béier mat Mooss ze genéisse versteet, esouguer „gesond“ sinn. Eng Qualitéit déi esou net nëmmen op d‘Festbéier vun Iechternacher Brauerei zoutrëfft, awer sollt ervirgehuewe ginn. En ass jo och artisanal hiergestallt. Dozou kënnt, datt de Festbéier net nëmme fir gutt Stëmmung suergt.

De Festbéier eegent sech beispillsweis als flott Begleedung zu ville regionale Produkter, op déi mir Lëtzebuerger och eppes houfreg sinn. Eng gelleg Hameschmier, oder just ee Rondel Lyoner oder Liewerwurscht, mee och d‘Mett- an/oder Grillwurscht passen derzou wéi d‘Fauscht op d‘A. Wien op seng Linn uecht doe sollt, kann de Festbéier natierlech och ouni „Begleedung“ genéissen.

Dernières nouvelles