Ouni Krimi geet d’Mimi net an d’Bett

Um haitege Mëttwoch ass bei eisen däitschen Noperen, den Dag vum Krimi. Dobäi ass den 8. Dezember festgeluecht ginn, well dëst den Doudesdag (1938) vum Friedrich Glauser, engem vun den éischten däitschsproochegen Auteure war. De Kriminalroman ass ee Genre aus dem Literaturberäich.

Thematiséiert gëtt meeschtens een Verbriechen an d’Opklärung duerch ee Polizist, een Detektiv oder eng Privatpersoun. Heiansdo läit de Schwéierpunkt bei de psychologeschen Aspekter, déi fir sou munch Spannung an Héngerhaut suergen. Mëttlerweil ass de Kriminalberäich an der Literatur esou bekannt, datt e mat zuelräiche Präisser ausgezeechent gëtt.

Dozou gehéiert den Edward Allen Poe Award an Amerika an de Grand prix de littérature policière bei eise franséischen Noperen. An Däitschland ass et, ewéi soll et och anescht sinn, de Friedrich-Glauser-Präis. Bekannten Auteuren ewéi d’Judith Merchant, den Andreas Föhr, d’Ursula Poznanski an de Lëtzebuerger Raoul Biltgen si mat dëser Auszeechnung fir hier spannend Geschichten ausgezeechent ginn.

Wann een ee gudde Kriminalroman ufänkt, geet et ganz séier. Vun engem Moment op deen anere stécht een an engem spannende Fall. D’Léisung muss onbedéngt hier. Een Doudesaffer, ënnerschiddlech Indizien, komesch Zeien an zuelräich verdächteg Persounen – dat ass déi perfekte Mëschung.

Et ass ee Wettlaf mat der Zäit. Déi richteg Handlung gëtt dem Lieser Loscht selwer ze ermëttelen, den Täter muss onbedéngt virum Protagonist aus dem Buch fonnt ginn. Ausser den Auteur féiert eis natierlech op den Holzwee. Et ass allkéiers een spannend Erliefnes.

Ee Verbrieche wat vu mir nach geléist muss ginn, ass dem Sebastian Fitzek säin neiste Roman Playlist aus dem Droemer Knaur-Verlag. Besonnesch un dëser Handlung, sinn ënnert anerem d’Lidder déi vun ënnerschiddlechen däitsche Kënschtler, ënnert anerem dem Rea Garvey, dem Namika, Tim Bendzko, Silbermond, oder Kool Savas gesonge goufen an am Zesummenhang mat der Handlung vum Buch stinn.

Am Zentrum vun der Handlung steet dat jonkt Meedche Feline, wat spuerlos verschwonnen ass. Den Ermëttler Alexander Zorbach gëtt op ee Museksdéngscht am Internet opmierksam, iwwert deen hatt seng Liblingslidder lauschtert. Komesch, datt sech d’Playlist e puer Deeg viru sengem Verschwanne verännert huet.

Ass dat een Hiweis?

Dernières nouvelles