Ouni Mënscherechter geet guer näischt

Haut zelebréiere mir den Dag vun de Mënscherechter. Dëse, fir d‘Mënschen immens wichtegen Aktiounsdag ass am Joer 1948 entstanen, wou an der Generalversammlung vun de Vereenten Natioune déi Allgemeng Erklärung vun de Mënscherechter gestëmmt ginn ass.

Haut soll drun erënnert ginn, datt dës Rechter nach ëmmer weltwäit blesséiert an net beuecht ginn – zemools vun deenen 147 Länner déi d’Mënscherechter offiziell unerkannt hunn.

Dozou gehéiert ënnert anerem eng Fra, déi belästegt a sexuell mëssbraucht gouf an de Geriichtsprozess erausgezögert gëtt, well ee sécher goe wëll, ob si et net awer esou wollt. Et ass d‘Koppel, déi ëffentlech diskriminéiert gëtt, well si entweder dat selwecht Geschlecht dréit – oder well d‘Hautfaarwen net „zesummepassen“. Et ass de Rollstullfuerer, deen zënter engem uergen Accident geläämt ass, a vun der Gesellschaft ausgeschloss gëtt. Et ass den Teenager, dee säi Recht op Bildung ewechgeholl kritt, well him andauernd ageriet gëtt, datt hie souwisou ze domm dofir ass. Dat wären elo nëmme Beispiller fir Europa.

Ewéi gesäit et an den Entwécklungs- a Krichslänner aus? D’Flüchtlingen am wackelegen, iwwerfëllte Schlauchboot – op der Sich no Sécherheet, d‘Vergewaltegungen an d‘Folter am Duerf, Kanner déi beim Spillen op Minne lafen. D’Meenungsfräiheet, déi mam Dout bestrooft gëtt.

D‘Mënscherechter duerchzesetzen ass ee liewenslängleche Kampf, deen all Dag op en Neits duerchgesat muss ginn.

A genee dofir sollt all Dag een Mënscherechtsdag sinn. Jiddweree kann déi richteg Entscheedung fir sech huelen a sech fir d’Ëmsetzung vun de Rechter asetzen. Nëmmen zesumme kann dëse Kampf gewonne ginn – alles anescht ass just eng Empfeelung um Pabeier, an d’Tënt net wäert.

Dernières nouvelles