D’Passerell mobiliséiert sech

Och d’Associatioun Passerell ass schockéiert iwwert deen dramatesche Krich, deen sech an der Ukrain ofspillt.

Dofir preparéieren si sech op d’Flüchtlingen, déi ukomme wäerten an hei am Land Schutz sichen.

Dës Mënsche mussen ënnerbruecht ginn, ze iesse kréien a wann et néideg ass, eng medezinesch Versuergung kréien. 

Dës weidere setzt sech d’Passerell, ewéi schonn an de leschte sechs Joer dofir an, datt dës Mënschen och déi rechtlech an administrativ Ënnerstëtzung kréien, déi si benéidegen – zum Beispill bei den ënnerschiddleche Phasë vun engem Asylverfaren.

Ma et ass ee Kampf.

Zanter all dëse Joren leent de Ministère der Associatioun eng laangfristeg Ënnerstëtzung of. D’Aarbechter, och Affekoten schaffen éierenamtlech a leeschten domat wäertvoll Aarbecht. Allerdéngs kann d’Associatioun net uerdentlech schaffen, wann hier dräi Mataarbechter net kënne bezuelt ginn. Dës schaffen dagdeeglech, heesche Migrante wëllkomm an hëllefen, wou si nëmme kënnen.

Wann dir d’Passerell ënnerstëtzt, ass et méiglech gemeinsam d’Asylrecht ze humaniséieren an ee Schrëtt an déi richteg Richtung ze maachen.

Weider Informatioune fannt Dir hei.

Dernières nouvelles