perfekt on.perfekt

D'Kooperative huet seng Crowdfunding-Campagne mat Succès duerchgefouert

Wien kennt dat net – kromm Muerten oder Tomate mat Téitschen. Entweder d’Uebst ass ze grouss, ze kleng oder deforméiert. Dës, nach iessbar Produkter, ginn vun de Supermarché an de Container geschmass. Se sinn net gutt genuch fir den Client.

A well jiddwereen – och Liewensmëttel eng zweet Chance verdéngt hunn, hunn d’Membere vun on.perfekt eng Crowdfunding-Campagne vun engem Mount organiséiert. D’Zil dobäi war, een eegene Buttek opzemaachen- Dat ambitionéiert Zil vun 95.000 Euro gouf tatsächlech iwwertraff – mat 106.597€ kommen d’Memberen hirem Zil méi no a maachen anengems eppes géint d’Liewensverschwendung, déi nawell ee grousse Problem op der Welt duerstellt.

Et war ee laange Wee

Fir d’éischt huet on.perfekt hier aussortéiert a gesond Wuer an engem Pop-up-Shop ugebueden. Fir d’Produkt wollte si vun de Clienten just kréien, wat et hinne wäert ass.

Ma elo gëtt et professionell. Dat grousst Zil ass een nohaltegen Verkafskanal fir Liewensmëttel entspriechen, déi net der Norm entstinn an awer nach genéissbar a leckersinn. Dozou ginn Abo-Geméis-Këschten preparéiert a verkaf.

D’Häerzstéck vun on.perfekt soll awer de Buttek bleiwen. Dobäi gëtt grousse Wäert op lokal a regional Zesummenaarbecht geluecht. An dësem Kader gëtt och emol engagéiert op engem Feld d’Geméis opgeraf, wat soss am Buttek keng Chance gehat hätt.

Ënnert den Ënnerstëtzer vun der Campagne sinn ënnert anerem Entreprisen, ewéi d’Besenius ferronnerie d’art sàrl, den Affekote-Büro « Your Law », Majerus-Geimer Constructions, Luxlait, esou wéi den Eegentemer vum Akafszenter Nordstrooss Shopping Mile Marnach.

« Wann de Mindesthaltbarkeetsdatum iwwerschratt ass, heescht dat bei wäitem net, datt d’Produkt net méi ze genéissen ass. Et kann een sengen eegene Sënner nach trauen an zum Beispill um Jugurt richen an e probéieren..

on.perfekt ass eng Kooperative a gehéiert esou wuel och de Memberen, déi gespent hunn. Dës weideren ass et eng Sozialentreprise. Domat verflicht on.perfekt sech, 100% vun de Gewënner an d’Verwierklechung vun hiren ökolegeschen a sozialen Zilen ze investéieren.

Dernières nouvelles