Piraten: CovidCheck-Sécherheetsmoossnamen

Nodeems d’Chamber eréischt viru manner wéi enger Woch een neit Covid-Gesetz gestëmmt huet, muss elo schonn erëm nogebessert ginn. Mir Piraten hunn scho beim leschte Gesetz ee Covid-Check+ gefuerdert a bedaueren, dass d’Regierung elo eréischt agéiert.

Mir hunn bei dem leschte Gesetz kloer gemaach, dass eis d’Mesuren a Saachen Tester net wäit genuch ginn. Mir stoungen a stinn zu engem + System am Covid-Check-Regimm (de + sinn an dësem Fall d’Schnelltester).De Sven Clement sot dozou d’lescht Woch an der Chamber:“ »Grad an Zäiten, an deene jidderee sech online e gefälschte Certificat kafe kann, muss een einfach nach méi virsiichteg ginn.

E verstäerkt Teste vun Net-Geimpfte genee wéi och Geimpfte bitt eng wichteg zousätzlech Sécherheet, och wann d’Impfung am Kampf géint de Virus natierlech eis wichtegst Waff bleift. »”Mir hätten eis gewënscht, dass d’Regierung éischter op eis gelauschtert hätt. D’wëssenschaftlech Situatioun huet scho länger ugedeit, dass de Covid-Check ze vill Schlupflächer huet. Fir eis Piraten muss all Biergerin an all Bierger d’Méiglechkeet hunn, fir sech eemol den Dag mat engem Schnelltest ze testen, fir esou sech an Anerer virum Virus ze schützen. Mir sinn dann och mam 2G+ am Horeca-Secteur d’Accord, ënnert der Konditioun, dass d’Hëllefen, wéi vum Premier wärend der Pressekonferenz versprach, erëm no uewen ugepasst ginn an d’Covid-Check-App elo séier geupdate gëtt.

D’Schnelltester beim 2G+ sollten awer nëmme fir Persoune gëllen, déi sech scho boostere kënne loossen. Anerefalls ginn hei virun allem déi Jonk bestroft, déi eréischt méi spéit hir éischt Impfunge kruten an déi awer elo schonn 2 Joer solidaresch sinn an hiren Deel an dëser Pandemie bäidroen.Och wann et op de Büroen elo méi roueg gëtt, esou muss och hei am neie Joer méi op Tester gesat ginn, dëst onofhängeg vum 3G op der Aarbechtsplaz, dee mir Piraten net kënnen akzeptéieren.

Ee Pay-to-work bléift fir eis een No Go. Déi zousätzlech Schnelltester dierfen d’Salariéeën näischt kaschten an d’Fraise fir dës Tester ze kafe mussen (op mannst deelweis) vum Staat iwwerholl ginn, respektiv mussen zousätzlech kaafte Schnelltester un d’Betriber verdeelt ginn.Keng vun de Mesurë fir de Virus anzedämmen ass perfekt, dofir musse mir vill verschidden onperfekt Moossnahmen iwwertenee leeën, fir esou sou perfekt wéi méiglech ze ginn. De sougenannten « Kéisscheiwemodell » weist kloer, datt Testen, Masken, Impfen, Distanz, Lëften an Hygiène wichteg Facteure si fir d’Feierdeeg sou sécher wéi méiglech ze verbréngen.

*matdeelt vun de Piraten Lëtzebuerg

Dernières nouvelles