Piraten: Majoritéit géing d’Impfflicht

Vum 11. bis de 16. Januar 2022 konnten d’Membere vun de Piraten un enger interner Befroung deelhuelen an hier Meenung zu enger Impfflicht äusseren. D’Resultater goufe gëschter um 17. Januar 2022 ausgezielt an hunn erginn, dass eng Majoritéit vun de Participanten sech géint eng generell a sektoriell Impfflicht ausschwätzt.

Als basisdemokratesch Partei war et de Pirate wichteg, hire Memberen d’Méiglechkeet ze ginn, sech zu deem polariséierenden Thema vun enger Impfflicht ze positionéieren. An enger Online-Ofstëmmung, déi eng Woch fir d’Memberen op war, konnten si a verschiddene Froe Positioun bezéien.

Gefrot gouf, ob ee fir oder géint eng generell Impfflicht ass, wat ee vun enger sektorieller Impfflicht hält, a falls ee géint eng Impfflicht ass, wéi eng Alternativen zu enger Impfflicht ee géif favoriséieren. Eng generell Impfflicht gouf vun 42,86% vun de Participanten ënnerstëtzt a vu 54,08% ofgeleent bei 3,06% Enthalungen.

Wat eng sektoriell Impfflicht ugeet, déi just gewësse Beruffs- oder Altersgruppe géif treffen, ware 76,36% géint dës Optioun, 21,82% dofir an 1,81% hunn sech enthalen. Als Alternativ zu enger Impfflicht hunn sech déi meeschte Persoune gewënscht, dass d’Mënsche sollen opgekläert ginn iwwert d’Impfung an Ureizer solle geschaf ginn.

Sollt et deemnächst an der Chamber zu engem Vott iwwert eng Impfflicht kommen, wäerten d’Piraten sech un d’Entscheedung vun hire Memberen halen a weder enger genereller nach enger sektorieller Impfflicht zoustëmmen – ouni den Notze vun de Covid-19 Impfstoffer an dëser Pandemie a Fro ze stellen.

D’Impfung ass en zentralen Outil an dëser sanitärer Kris an dofir ass et wichteg, d’Mënsche weider iwwert déi existéierend Impfstoffer opzeklären an hinnen ze vermëttelen, wéi d’Impfung schützt. Mee eng Obligatioun ass aktuell net de richtege Wee.

Matgedeelt vun der Piratepartei

Dernières nouvelles