Vun haut un ass d’Pirateschëff zou

D’Stad Lëtzebuerg informéiert, datt déi beléifte Spillplaz, d’Pirateschëff bis Mëtt Abrëll 2022 net méi fir d’Ëffentlechkeet zougänglech ass.

Et gi Restauréierungsaarbechten ausgefouert – dono kann d’Schëff op en Neits eruerwert ginn.

Spillplaze si wichteg fir d’Entwécklung an d‘Fërderung vun de Kanner – dowéinst bitt d’Stad allerlee Plazen un, déi genee fir dëse Besoin, esou wéi fir déi ënnerschiddlech Altersgruppe geduecht sinn.

Déi 212 verschidde Plazen aus der Stad sinn op d’Quartieren verdeelt. Dobäi si Skaterplazen, Ballspillpazen an nach ee ganze Koup méi. Et gëtt vill ze entdecken!

Déi ganz Offer kann hei agesi ginn.

Dernières nouvelles