Policebericht: Accident a Festnam

Wéi d‘Police matdeelt, huet um spéide Mëttwochowend (22 Auer) tëscht Trënteng a Rued op der N2 zu enger Kollisioun tëscht zwee Autoe komm. Heibäi gouf eng Persoun ageklemmt an huet misse vun de Rettungskräften aus hire mësslecher Lag befreit ginn.

No den éischten Erkenntnisser, koum aus nach ongekläerte Grënn, beim Ofbéien zum Accident, wouduerch ee Gefier un der Chaufferssäit erfaasst ginn ass. De Kontakt war esou hefteg, datt den Auto Meterwäit iwwert d‘Fuerspuer geschleidert ginn ass. De Chauffer gouf heibäi, wéi schonn erkläert ageklemmt an leider och zimmlech schwéier blesséiert. No der Noutversuergung ass dëse vum CGDIS an d‘Spidol iwwerstallt ginn.

Den Alkoholtest beim blesséierte Chauffer ass negativ verlaf. Beim Chauffer deen aus Richtung Rued koum, dëse Positiv. D‘Police huet folgerichteg de Führerschäi missen abehalen. D‘Streck war bis 2 Auer fir d‘Duer vun der Rettungsaarbechten an der Erfaassung vun alle relevanten Daten, gespaart.

Drogendealer gepëtzt

Ee Mëttwoch um 23.30 Auer ass et der Kriminalpolice, Service Rauschgëft, gelongen ee Mann ze verhaften, deem virgeworf gëtt Drogen ze verkafen. Dësen hat an der Neier Avenue (Ave. Liberté) engem Konsument zwou Kokainkugele verkaf.

Dat vum Keefer erstane Rauschgëft a weider 13 Kokainkugele, esou wéi 45 Euro, déi d‘Police beim duerchsiche vum mutmaasslechen Drogendealer fonnt huet, goufe beschlagnaamt. De Procureur, dee jo an esou Fäll informéiert gëtt huet och d‘Confiscatioun vum Auto an den doranner fonnte 490 Euro ugeuerdent. De Mann ass wéi gesot verhaft ginn an gouf um Donneschdegnomëtten dem Untersuchungsriichter virgefouert.

Illustratioun: Pixabay

Dernières nouvelles