Neies vu Porn Queen: Do gëtt et näischt méi ze soen

Mat der neier Single „Nothing Left To Say“ melle sech eis Lëtzebuerger Rocker vu Porn Queen. Dobäi verpaakte si déi beléiftsten Themen – Léif an Einsamkeet – an engem energiegeluedene Wierk.

Datt d’Museker vu Porn Queen den Hard Rock aus den 80er mat engem Läffel Blues an engem Schotz Rock’n’Roll verfeineren, dierft de meeschte vun eis net entgaange sinn. A genee déi Mëschung kënnt un. No der Grënnung am Joer 2010 konnten de Lucas Ferraz (Gesang a Gittar), Fred Barreto (Gittar), Yves DeVille (Batterie), Fastro Daniel (Bass) an Nadja Prange (Keyboard, säit 2019 dobäi) sech national an iwwert d’Grenzen eraus en Numm maachen.

Elo beweist „Nothing Left To Say“, datt si och no iwwert engem Joerzéngt Bestoen net midd sinn an hir Passioun liewen. Vun der éischter Sekonn un geet et virun, mir héieren a spieren d’Dynamik an d’Energie. An nieft Zeilen wéi „Dech gär ze hunn, bréngt mech ëm“ a „Mir wëllen net eleng sinn, mir hunn eis näischt méi ze soen“ iwwerzeegt e staarke liewege Gittar-Solo, dee vun dreiwende Beats verfollegt gëtt.

Et ass e Lidd, dat net nëmmen beim Lauschteren Doheem Spaass mécht, mee sécherlech och live jidderee matrappt. Ma, d’Fans kënne sech freeën: Dëst Wierk wäert op der nächster EP ze fanne sinn, déi 2022 erauskënnt.

Dernières nouvelles