Taina Bofferding: De Schnelltest ass positiv ausgefall

Bei enger vun de reegelméissege Kontrollen op Covid-19 ass de Schnelltest vun der Inneministesch Taina Bofferding positiv ausgefall. Elo gëtt nach op d’Bestätegung duerch e PCR-Test gewaart.

Virsiichtshallwer huet d’Ministesch sech selwer isoléiert, bis méi gewosst ass. Hiren Impfschema ass komplett a si weist keng Symptomer op. Aktuell schafft si vun Doheem aus.

Dernières nouvelles