POST-Espace Lëtzebuerg – méi Offeren, nei Méiglechkeeten

Eng nei Verkafsstell mécht hier Dieren op

De Méindeg, den 3 Januar 2022 geet eng nei Verkafsstell vun der Post Lëtzebuerg op. Dës huet hire Sëtz um Hamilius, 12A, rue Aldringen.

Ab dem nächste Joer kënnen d’Clienten op enger Fläch vun 265m² vu sämtleche Produkter an Déngschtleeschtunge vun der Post profitéieren. Dobäi sinn dës op 2 Stäck verdeelt. Nieft de sougenannte „séiere Schaltere“ gehéieren och Berodungsstellen zu den neien a modernen Méiglechkeeten an dësem Post-Beräich. Och déi zwou Etagen ënnerscheede sech vuneneen. Um ënneschte Stack ginn Post- a Finanzdéngschtleeschtungen iwwerholl, den zweete Stack gehéiert der Telekommunikatioun.

Duerch dës Ännerunge mécht den därzäitege POST-Espace, deen sech um Boulevard Royal befënnt, seng Dieren zou. Säi leschten Dag ass, Freides de 24. Dezember 2021 – an da gëtt geplënnert.

Wärend dësen Deeg ginn Artikel un de POST-Espace bei der Gare ëmgeleet. Et ass also wichteg, datt d‘Clienten iwwerpréiwen, wou hier bestallte Päck ofgeholl musse ginn.

All weider Informatioune fannt Dir hei.

Dernières nouvelles