POST Esports Masters – et ka sech ageschriwwe ginn!

Sport ass net fir jiddwereen eppes, ma mëttlerweil ginn et passionéiert Gamer, déi sech dem Esport verschriwwen hunn.

Elo ass bestëmmt deen een oder anere ganz aus dem Haischen, wann e gewuer gëtt, datt d‘Inscriptioune fir déi 3. Editioun vun der POST Esports Masters op ass. Dëst ass déi gréissten a soumat och déi spannendst Competitioun aus dem Groussherzogtum.

D‘Leitunge sinn well zanter dem 9. Dezember op. Déi lescht Editioun hat ee Succès mat méi wéi 400 Participanten a 25.000 Spectateuren. Kann dat nach getoppt ginn?

D‘Inscriptiounen an all weider Informatioune sinn hei ze fannen.

Bei dëser Editioun wäerten Konkurrenten an nei Participanten hier Liblingsspiller erëmfannen – gemengt sinn domat Fifa a Clash Royale. Dësweidere steet een neit Spill um Programm, d‘Rocket League.

Ewéi schonn am leschte Joer wäerten d‘Qualifikatiounen an d‘Competitiounen nëmmen online stattfannen. Ma wann näischt dertëschent kënnt, wäert d‘Finall an der Ëffentlechkeet stattfannen. Do muss ee sech wuel gedëllegen an iwwerrasche loossen.

Fest steet just, datt nëmmen déi Beschten géinteneen untriede wäerten. Schliisslech geet et ëm ee Präisgeld am Gesamtwäert vun 20.000 Euro.

Am nächste Joer, den 29. Januar ass et esouwäit. All Samschdeg ab 17 Auer sinn déi beschte Spiller op der Twitchplattform ze fannen. Professionnell Kommentatore suergen dofir, datt d‘Handlung verständlech ass.

Allerdéngs gëtt et och eng schlecht Noriicht. D‘Spill League of Legends, wat an de leschte Joren dobäi war, ass dës Kéier net méi Deel vum Format. Dëst huet och säi Grond – an nächster Zäit gëtt een aneren innovative Projet virgestallt. Dat schéngt nawell ee spannend Joer ze ginn.

Virwëtzeg? Hei fannt Dir eng Zesummefaassung vun der leschter Editioun:

Dernières nouvelles