Alles Guddes un de Prënz Louis! 

Haut feiert S.A.R. de Prënz Louis säin 36. Gebuertsdag. Als drëtt Kand vun der groussherzoglecher Koppel ass hien um 3. August 1986 op d’Welt komm.

No sengem Studium a Kommunikatiounswëssenschaften un der Amerikan International University zu London, koum de Master a psychosozialen Etüden un der Universitéit Birbeck an der britescher Haaptstad. Aktuell lieft de Prënz Louis zu Paräis, schafft bei Laurent Meeschaert Conseil, beréit an ënnerstëtzt Mënschen dobäi, sech selwer kennenzeléieren, Schwächen ze fannen a wéi een dës positiv notze kann, sou wéi extern an intern Konflikter ze léisen.

Seng sozial Oder kënnt awer net nëmmen am berufflechen Alldag eraus. De Prënz Louis weist e staark Verständnis a grousse Wëllen, fir Mënsche mat Legasthenie, also enger Liesschwächt, ze hëllefen.

Sou oft et him méiglech ass reest de Prënz zeréck op Lëtzebuerg an hëlt un den Aktivitéiten vum groussherzoglechen Haff deel. Dës Weideren engagéiert sech de Louis Xavier Marie Guillaume, wéi hie mat ganzem Numm heescht, am Sport: Zënter 2004 huet hien d’Schiermherrschafft iwwert de Lëtzebuerger Tennisverband, sechs Joer drop koum den Kampfsportverband an 2011 den nationale Loftverkéierverband iwwerholl.

Ma, selwer aktiv ass de Prënz Louis och nach an interesséiert sech besonnesch fir Biergsportaarten, sou wéi beispillsweis Kloteren, Snowboarden oder Skifueren. De leidenschaftleche Pilot weist zudeem speziellen Interessi fir d’Sporttauchen, de Schéissstand an de Reitsport.

Dernières nouvelles