Presidentschaftswalen a Libyen

A sechs Woche soll am nordafrikanesche Biergerkrichsland gewielt ginn an de Generol Chalifa Haftar huet elo seng Kandidatur ugekënnegt

Datt de streiderege Generol, dee jo d‘Regierung vun Tripolis engersäits net unerkenne wollt an anersäits als Selbsternannten Leader vun de libescher Nationalarméi (LNA), d‘Muecht mëttels Waffegewalt net „erstierme“ konnt, sech zur Wal presentéiert kënnt net onerwaart. Hien huet d‘Leedung vun der Miliz Enn September iwwerdroen. Eng Viraussetzung fir seng Kandidatur?

Am Biergerkrich jiddefalls huet Chalifa Haftar versicht de Ministerpresident Fayez al-Sarraj den Hals ëmzedréinen. Dat ass net gelongen, well de Sultan aus Ankara seng Truppe geschéckt huet. D‘Tierkei huet jo maximal Interesse betreffend den Zougrëff an d‘Gestioun op d‘Réistoffer vum Land. Gemengt sinn Gas & Pëtrol, datt esouwuel bannent dem Land wéi an de Gewässer.

De Chalifa Haftar gëtt sengersäits vun den Demokratie: Russland an Ägypten, ënnerstëtzt. Wann dann elo scho vu Wale rieds geet, an et esou mam 24. Dezember een eppes bëlleschtegenden Dag ausgewielt gouf, heescht dat net, datt se stattfanne wäerten. Tëscht den diverse „Lager“ huet et bekanntlech nach ëmmer „oppe Rechnungen“ an och soss, ass dat mam „Dialog“ net esou einfach.

Et kéint een ënnerstellen, datt dat eppes mat de Kandidaten ze dinn huet, déi sech opgestallt hunn. Nieft der politescher Nullnummer an aktuell nach den offizielle Regierungschef Abdul Hamid al-Dbeibeh an dem soi-disant Parlamentspresident Aguila Saleh, huet et nach ee méi exoteschen, fir net ze soe konfliktuelle Kandidat. De Saif al-Islam Gaddafi, Fils vum Muamar, ass mat derbäi…

mat indymedia/tlv

Illustratioun: © M.T. El-Gassier / unsplash

Dernières nouvelles