Prett fir de Kufa Béier?

Béier ass bekanntlech dat perfekt Gedrénks fir waarm Summerdeeg. Ma genee dofir huet d’Kulturfabrik an Zesummenaarbecht mat der Brasserie Simon, de Kufa Béier – natierlech ee Speziellen – erausbruecht.

Dëse gëtt de Visiteuren ugebueden, wann d’Kufa Summer Bar hier Dieren opmécht. Selbstverständlech huet esou ee Béier och « Esch » a sech. Et ass een « Red Ale », ganz an de Faarwe vun der Regioun. Dobäi huet den Alkoholgehalt knapp 4,5%.

Och d’Etikett ka sech weise loossen. Dës gouf vum jonke lëtzebuergesche Kënschtler Pasko. Et war der Kulturfabrik wichteg, mat engem Kënschtler aus Esch zesummenzeschaffen. Dobäi huet hien sech un de roude Maueren an der Kulturfabrik inspiréiere gelooss.

De Kufa Béier ass Escher. An een Hommage un d’Terres Rouge.

Iwwregens gëtt et den typesch Escher Béier nëmmen esou laang (bis de 16. Juli), bis datt dem Pasko seng Ausstellung am Ratelach eriwwer ass.

Dernières nouvelles