Schraasseg: 23 Covid-19-Infizéierter – sanitär Moossname gi verlängert

Aktuell hunn 23 Prisonéier de Coronavirus, 60 weider Gefaangener sinn a Quarantaine. Aus dësem Grond ginn déi verschäerfte sanitär Moossname bis de 7. Dezember inclus verlängert.

Nodeems Ufank November nei Covid-19-Infektiounen am Prisong zu Schraasseg (CPL) entdeckt goufen, huet d’Verwaltung decidéiert d’Aktivitéiten anzeschränken. Esou ginn et keng Interventiounen vun externe Persounen, intern Beweegungen si streng limitéiert, a just maximal zwee Visiteure (Kand abegraff) dierfen ee Prisonéier besichen, dat awer getrennt duerch Plexiglas-Scheif

Dernières nouvelles