Am Asaz fir d’Fliedermais an d’Vullen

Am September 2019 ass de Projet LIFE Bats & Birds an d’Liewe geruff ginn. Wéi den Numm et schonn deite léisst, soll sech duerch verschidde Moossnamen fir d’Iwwerliewe vu Fliedermais a Vullen agesat ginn.

Monokulturen an den Asaz vu Pestiziden maachen et weder einfach Insekten, nach Liewensraum ze fannen. Dobäi soll net nëmmen géint dat progressiivt Verschwannen an Ausstierwe vun Aarten ugekämpft, mee sech generell fir d’Wuel vu Fliedermais a Vullen staark gemaach ginn.

Heivir muss eng räichhalteg a villfälteg Landschaft entstoen, déi den Déieren dee Liewensraum bitt, dee si benéidegen. Duerch Moossname wéi d’Planze vun (Uebst)Beem, Hecken a klenge Bamgruppen op landwirtschaftlechem Terrain, de Verzicht op Pestiziden an Dünger, sou wéi d’Opwäertung vu Broochland an d’Fleeg vun eelere Planzen a Beem soll genee dat Ëmfeld geschafe ginn.

De Projet LIFE Bats& Birds gouf vun der Fondatioun Hëllef fir d’Natur vun natur&ëmwelt op d’Bee gestallt. Heizou huet gëschter och eng Presentatioun am Biodiversum zu Rëmerschen stattfonnt.

Dernières nouvelles